Nieft Grillen a Sonnen ziele virun allem Kajak, Kanu a Stand-Up-Paddle zu de beléiften Aktivitéite bei de Leit, déi sech ofkille kommen. Mee net nëmmen laanscht d’Waasser war iwwer de Weekend vill lass – och d’Campingen an d’Jugendherberge ronderëm de Stauséi ware gutt besicht. De Chris Meisch war bis op de Stau luussen an hat d’Schwammbox dobäi.
Mat Temperaturen ëm 30 Grad ass de Summer definitiv zu Lëtzebuerg ukomm. Mat enger excellenter Waasserqualitéit, wéi um Site vum Waasserwirtschaftsamt ze liesen ass, ass de Stau déi perfekt Plaz fir eng Ofkillung. Deementspriechend waren de Weekend laanscht de Stau och nees eng Hellewull vu Leit op der Sich nom Vakanzen-Feeling. Esou vill, dass d'Parkingen zu Ënsber, Bommel a Lëlz e Sonndeg séier “Complet “ affichéiert haten . Fir d’Visiteuren ass de Stau awer net nëmmen eng Plaz fir sech ofzekillen, mee och eng Méiglechkeet, fir dem Alldag kuerz ze entkommen a sech wéi an der Vakanz ze fillen.
"Ah oui, c‘est des vacances, c‘est des vacances. A quelques minutes de chez nous, dès qu‘il fait beau ici, le soleil tappe vraiment fort et voilà c‘est pour nous un peu les vacances au Luxembourg.
Mir kommen heihinner well wierklech mega gutt Wieder ass a mir wollten zu 4 bëssi profitéieren, well mam Schoulstress wollte mir wärend der Vakanz och bëssi chillen.
Mir hu gesinn dass déi ganz Woch laang schéint Wieder gemellt ass, an hunn eis geduecht, da komme mir laanscht, hunn ee klenge Picknick organiséiert a wollten herno nach bëssi an d‘Waasser goen.
Mir spillen an da gi mir iessen an da spille mir nach e bëssen.“
Wärend déi eng d’Summer-Atmosphär léiwer ganz gemittlech genéissen, notzen anerer de Stau och fir sportlech Aktivitéiten am Waasser:
"Ech gi gäre Kajak fueren oder Stand-Up-Paddel, dat fannen ech ganz cool, einfach alles wat ofkillt.
Dès qu‘il fait beau on viens ici. J‘aime bien jouer avec mon fils ici, on fait des petites batailles avec des amis"
D'Schwammsaison zu Lëtzebuerg geet offiziell vum 1. Mee bis den 30. September. D’Jugendherbergen zu Lëlz zielt dëst Joer ewell iwwer 2.000 Iwwernuechtungen. Dat ass bal ee Véierel, vun deem, wat een dat lescht ganzt Joer gezielt huet an d‘Saison huet eréischt ugefaangen. Elleng dëse Mount waren et der bis ewell Ronn 1.000 Stéck. Ma virun allem leschte Weekend war zu Lëlz eng méi lass, wéi den Dylan Da Silva, Gérant vun der Jugend-Herberg, weess:
"Et ass all Joers dat nämmlecht, den Ufank vun der Saison ass ëmmer, wou et bei eis ufänkt, stresseg ze ginn. Déi éischt Deeg ware bëssi ustrengend, et waren 3 Parkingen, déi komplett voll waren. Dat heescht, fir eis Stress, fir d‘Leit an der Auberge, vill Gedrénks erausginn, d‘Gedrénks war ausverkaf, mir hunn extra nach eng Kéier missen akafe goen. Dat heescht, et war scho bëssi stresseg.“
D’Jugendherberg schafft virun allem mat Studenten zesummen. Well vill Unien awer keng Päischtvakanz hunn, feelt et den Ament u Personal, soudass d’Waassersportaktivitéite dëser Deeg hu missen ausfalen.
Déi meescht Visiteure um Stau kommen zwar aus Lëtzebuerg, Holland an eisen Nopeschlänner, ma dëst Joer sinn awer och schonn eng Dose Visiteuren aus Brasilien an den USA op Lëlz komm.