Rue de l'industrie gespaartCGDIS mellt Blesséierten no Feier bei Sprit-Depot zu Bartreng

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt dräi Bränn um Dënschdeg de Mëtteg, dat ënnert anerem an der Industriezon zu Bartreng, wou eng Persoun blesséiert gouf.

An der Rue de l'industrie zu Bartreng koum et en Dënschdeg de Mëtteg zu engem gréissere Pompjeesasaz, wéinst deem d'Strooss huet misse fir de Verkéier gespaart ginn. Betraff ass d'Stéck tëscht dem Rondpoint bei der Tankstell an der Gare.

Op der Plaz sinn eng ganz Partie Pompjeesween, grad ewéi och d'Police.

Wéi de CGDIS méi spéit confirméiert huet, hätt en Tank gebrannt an eng Persoun wier beim Tëschefall blesséiert ginn. Am Asaz waren d'Ekippe vu Bartreng, Mamer, der Stad, Beetebuerg, Esch, Diddeleng a Péiteng.

Op der Plaz selwer konnt eise Kameramann eng liicht Dampentwécklung feststellen. Ee vun de Siloe gouf iwwerdeems mat Waasser gekillt.

Weider Bränn uechter d'Land

Ëm 12:30 Auer koum et zu engem Feier an enger Wiss, dat um CR154 tëscht Siren an Duelem. Hei waren d'Ekippe vu Mutfert a Fréiseng am Asaz.

An der Rue des Jardins zu Colmer-Bierg huet um 13:29 Auer eng Heck bei engem Haus gebrannt, dobäi ass eng Persoun blesséiert ginn. Op der Plaz waren d'Ekippe vu Bissen an aus der Nordstad.

Back to Top
CIM LOGO