
Lëtzebuerg war am Zweete Weltkrich méi wéi 4 Joer laang vun Däitschland besat, Dausenden Ziviliste sinn an där Zäit ëm d'Liewe komm a virun allem am Éislek goufe vill Dierfer quasi komplett zerstéiert. Ma et waren awer och Dausende Lëtzebuerger op der Säit vun de Besatzer, méi wéi 100 waren esouguer Member an der Waffen-SS. Nom Enn vum Krich ware si ee Fall fir d'Lëtzebuerger Justiz.
Et ware wuel ëm déi 150 Lëtzebuerger Member an der Waffen-SS, ma 100 Fäll kann den Hobbyhistoriker Georges Even sécher beleeën an huet dës och am Buch "Waffen-SS 1940-1945 Luxemburg" zesummegedroen. Eng Partie vun hinne goufe gezwongen, mee déi meescht si fräiwëlleg bäigetrueden, entweder well se sech perséinlech Virdeeler dovun erwaart hunn oder well se wierklech un d'Ideologie vun den Nazie gegleeft hunn. Bei enger Partie ass net gewosst, wéini se gestuerwe sinn, ma bei deenen, wou et gewosst ass, fält op, datt d'Majoritéit de Krich iwwerlieft huet. Domadder goufe si ee Fall fir déi Lëtzebuerger Justiz, déi awer keng einfach Aufgab hat:
"Déi sinn och jorelaang dono nach gesicht ginn, et gouf Haftbefeeler. Sou datt ee fir déi 100 Leit genee retracéiere kann, a wéi engen Unitéite se waren. Et kann een net, an dat konnt d'Geriicht deemools och net maachen, et kann een net soen, ob se zum Beispill bei Massakeren dobäi waren. Obscho se bei Unitéite waren, déi Massakere gemaach hunn, mee ob deen Eenzelen do dobäi war, dat ass rëm eng Saach ..."
Déi meeschte Prozesser goufen tëscht 1945 an 1950 gefouert. Fir datt eng Enquête opgemaach gouf, ass et schonn duergaangen, wann een ëffentlech an enger SS-Uniform opgetrueden ass. Et gouf zwar keen Doudesurteel gesprach, wat deemools zu Lëtzebuerg méiglech gewiescht wier a verschiddener vun de Beschëllegte goufen esouguer fräigesprach, mee trotzdeem fënnt de Georges Even, datt d'Enquêteuren an d'Geriichter hier Aarbecht seriö gemaach hunn. Am Duerchschnëtt wieren d'Strofen nämlech zolidd gewiescht:
"An der Moyenne kann ee soen tëscht 5 an 20 Joer, et gouf am Fong net duerch d'Fangere gekuckt an et gouf och wierklech all Mënsch do gekuckt. Nieft der Prisongsstrof hunn der och vill d'Nationalitéit verluer, si hunn net méi dierfe wielen, si hunn net méi dierfe gewielt ginn, et waren der och, déi alleguerten hier Titelen ofgeholl kruten, et sinn der vill entlooss ginn, déi am Staatsbetrib geschafft hunn."
Eng méi speziell Strof war, datt déi Verurteelt verbuede kruten, ee Café opzemaachen. Et gouf nämlech gefaart, datt si sech iwwert dee Wee rëm zesummeschléisse kéinten. Datt et deelweis och manner haart Strofe gouf, louch virop dorunner, datt net just an eng Richtung ermëttelt gouf.
"Si hunn awer och Saachen à décharge vun deene Leit geholl. Si hunn zum Beispill genee gekuckt, wéini d'Leit agezu goufen a wa se nach mannerjäreg waren, déi Zäit war dat, wann ee manner wéi 21 Joer hat, da si se bei de Jugendriichter komm an déi Strofe ware vill manner héich. Déi hunn da gesot kritt, du dierfs lo sou laang net heem goen, du muss do an do schaffen, mee déi hu seele Prisong kritt."
Eng Partie vun de Lëtzebuerger SS-Memberen huet sech iwwregens am September 1944 deenen aneren däitschen Truppen op hirem Réckzoch ugeschloss an ass an Däitschland geflücht. Vill vun hinne wollte spéider awer zeréckkommen, zum Beispill wann een Elterendeel gestuerwe war. Da gouf iwwert Affekote probéiert ze beweisen, datt si net wierklech wossten, op wat si sech aloosse géingen. Ma och hei gouf all Eenzelfall genee iwwerpréift.
Och wann d'Fäll vun deene Lëtzebuerger, déi bei der Waffen-SS waren erausstiechen, maache se awer just ee Brochdeel vun de Prozesser aus, déi nom Enn vum Krich géint presuméiert Kollaborateure gefouert goufen. Historiker schwätze vun 9.000 bis 12.000 Prozesser, woubäi awer net gewosst ass, a wéi ville Fäll genee et zu enger Verurteelung komm ass.