
„Eine irische Familiengeschichte“ vum Graham Norton ass en Drama an zugläich eng Familljegeschicht, déi vill Iwwerraschunge parat hält a seng Lieser an eng spannend Geschicht dauche léisst. Schonn 2016 huet den Graham Norton, wat iwwregens säi Kënschtlernumm ass, mat engem Titel seng Lieser iwwerzeegt.
D’Elisabeth Keane schafft zu New York op der Uni, ass gescheet huet e Bouf vu 17 Joer an huet mat hirer aler Heemecht an Irland eigentlech näischt ze dinn. Bis seng Mamm d’Patricia stierft an hatt gezwongenermoossen zréck muss fir sech ëm alles ze këmmeren. De Papp huet d’Elisabeth ni kennegeléiert. E wier gestuerwen, huet et ëmmer geheescht. D’Elisabeth mécht sech also op den Wee op Buncarragh, eng fiktiv Stad an der Géigend vu Cork.
Beim Raume fënnt d‘Elisabeth dann am iwwerfëllten Haus al Bréiwer, déi un hire Pap adresséiert sinn, erëm. Beim Liese fënnt hatt eraus, wéisou seng Elteren esou eng schwéier Bezéiung zu eneen haten. Den Edward, e Farmer aus dem selwechten Duerf a Papp vum Elisabeth, huet laang missen ëm d’Patricia kämpfen. Et war seng Mamm, déi laang säi Liewe bestëmmt huet an déi d’Relatioun zum Meedchen net gutt geheescht huet. Mà och di jonk Fra huet sech missen ëm hir krank MaMm këmmeren. D‘Elisabeth kann no deem, wat et alles gelies huet, net einfach zréck op New York fléien, mä mécht sech op d’Sich no senge Wuerzelen.
Am Buch gëtt awer net nëmmen dem Elisabeth seng Geschicht erzielt. Parallel an domat als zweeten Erzielstrang gëtt dem Patricia, der Mamm, hiert Liewen erzielt. D’Buch mécht also ëmmer nees Zäitspréng tëscht deenen zwee Liewen. A wat d’Elisabeth méi erausfënnt, wat d’Geschicht ëmmer méi obskur gëtt an een heiansdo d’Impressioun huet net méi ganz matzekommen. Mä keng Angscht zum Schluss fënnt alles beieneen a mécht och Sënn.
„Eine irische Familiengeschichte“ ass d’Buch iwwert zwou Fraen, Mamm an Duechter, déi immens ënnerschiddlech sinn an awer iergendwéi dat selwecht Schicksal haten. Och d’Patricia wollt als jonk Fra net an hirer Heemecht bleiwen an dem Drock vum Duerf ausgesat sinn. Hatt war fir eng gewëssen Zäit fort an koum voller Geheimnisser zréck. D’Buch, wat zwou Zäitschinnen huet, ass nieft der Zäitrees an d’Vergaangenheet och d’Geschicht vun der Sich no der eegener Identitéit. Vill Geheimnisser an Intrige bestëmmen dëst Buch.
Et sinn dräi Personnagen, déi am Virdergrond stinn. Déi zwou Fraen natierlech an de Papp Edward, deen naiv, verluer an hoffnungslos wierkt. Net zulescht well hie sech schwéier vu senger Mamm léise kann. D’Elisabeth iwwerrascht ëmmer nees mat der Aart, wéi et handelt a kann esou net wierklech Sympathië beim Lieser erwächen an awer bleift et doduerch interessant. Spéider kënnt dann nach eng véiert Persoun dobäi, iwwert déi ech awer net ze vill verrode wëll.
De Schreifstil ass fir mech e bësse speziell, well den Auteur an der drëtter Persoun schreift. D’Beschreiwunge sinn awer räich, och wa mer d’Landschaftsbeschreiwungen heiansdo feelen, mä et soll jo och keng Idyll, mä déi haart Realitéit beschriwwe ginn.
Och wann den Graham Norton als Komiker an Talkmaster bekannt ass an ech um Ufank gefaart hunn et géif sech ëm eng witzeg Libesgeschicht handelen, ass dat guer net de Fall. Wien also tragesch Familljendrame gär huet, ass hei ganz sécher un der richtegen Adress.