Een däischtert Kapitel aus dem 2. WeltkrichMéi wéi 100 Lëtzebuerger ware Member vun der Waffen-SS

Marc Hoscheid
D'Hierkonft vun de Männer an hir Motivatioun waren allerdéngs deels ganz ënnerschiddlech. Just bei enger Minoritéit kéint ee vun iwwerzeegten Nazie schwätzen.
© Archiv

Virun 81 Joer ass den Zweete Weltkrich op een Enn gaangen. Lëtzebuerg war vu Mee 1940 bis September 1944 vun Däitschland besat a wärend der Ardennenoffensiv goufe vun Dezember 1944 bis Februar 1945 virop grouss Deeler vum Norde vum Land zerstéiert. Déi knapp 4.000 Judden, déi zu Lëtzebuerg gelieft hunn, goufe quasi all entweder zur Emigratioun gezwongen oder deportéiert. Méi wéi 10.000 jonk Lëtzebuerger goufen zwangsrekrutéiert. An trotzdeem gouf et gläichzäiteg net wéineg Lëtzebuerger, déi mat den Nazie kollaboréiert hunn. Méi wéi 100 goufen esouguer Member vun der Waffen-SS.

Et ass ee Kapitel vun der Lëtzebuerger Geschicht, iwwert dat am Grand-Duché laang Jore guer net ëffentlech geschwat gouf an och haut ass et nach ëmmer ee sensibelt Thema. Een Deel vun der Lëtzebuerger Populatioun war frou, datt déi Däitsch amarschéiert sinn an huet och aktiv Judden oder Resistenzler denunzéiert. Déi sougenannt Gielemännercher sinn allgemeng bekannt, manner gewosst ass par konter, datt méi wéi 100 Lëtzebuerger Member an der Waffen-SS waren.

Den Hobbyhistoriker Georges Even geet vun ëm déi 150 aus, 100 Fäll kann hien iwwerdeems noweisen an huet se a sengem Buch "Waffen-SS 1940-1945 Luxemburg" thematiséiert. Hien ënnersträicht awer, datt een déi 100 net alleguerten an een Dëppe schmäissen a pauschal als Nazie bezeechne kann:"Mir kënne soen, vun deenen 100 waren der 20 iwwerzeegt a vun deenen 20 ware vläicht eng Dosen, déi richteg "Nazie" waren. Et waren der zum Beispill dräi an enger Wachmannschaft vun engem KZ a wann een do verschidde Bréiwer vun deene liest, also, dat ass schonn ... Déi waren iwwerzeegt vun där ganzer Ideologie."

Lëtzebuerger an der Waffen-SS / Reportage - Deel 1 vum Marc Hoscheid

Vun deenen aneren 80 wieren der eng ganz Partie gezwonge ginn. 27 waren zum Beispill Member vun der Fräiwëllegen-Kompanie, déi op Weimar an eng Umschulung geschéckt goufen. Een Deel vun hinnen huet mussen an d'Waffen-SS goen, anerer vun hinnen hu sech par konter fräiwëlleg gemellt. Ee Grond, fir vu sech aus der Waffen-SS bäizetrieden, wier d'Loscht op Abenteuer gewiescht, wéi ee konkrete Fall beleeë géing: "Dee wollt virum Krich bei déi franséisch Friemelegioun goen, dunn hu se en do net geholl. E war esouguer do, d'Mamm war en herno nach sichen, deen hat 17 Joer, do huet ee musse groussjäreg sinn an déi Zäit war dat jo nach 21 Joer, do war d'Mamm e sichen. Wéi herno déi Däitsch hei waren, huet e sech an d'Waffen-SS gemellt, well déi hunn e mat 17 Joer geholl."

Wat de familiären a sozialen Hannergrond vun deenen 100 Männer ugeet, sou goufen der 79 zu Lëtzebuerg gebuer. Déi aner an Däitschland, an der Belsch, a Frankräich an och een a Kroatien, ma all d'Familljen hu scho laang virum Ufank vum Krich zu Lëtzebuerg gewunnt. Mat Bléck op d'Beruffer hunn d'Aarbechter dominéiert, ma et waren awer och Baueren, Studenten, Staatsbeamten an een Architekt dobäi. Vill koumen aus einfache Verhältnisser an eng Partie hate schonn a jonke Joren op d'mannst een Elterendeel verluer. Fir d'Nazie waren iwwerdeems rassesch Charakteristike méi wichteg, och wa sech dat am Laf vun der Zäit geännert huet:"Si hunn och mussen eng Demande schreiwen an am Ufank hues de net dierfe bestuet sinn, eng gewësse Gréisst hunn, blo Aen, blond Hoer. An du hues eng Ahnentafel musse virleeën, wou s de bis déi drëtt Generatioun zréck hues mussen noweisen, datt éischtens keng jiddesch Wuerzelen dra wieren an datt vill Däitsch dra wier, respektiv Lëtzebuergesch, well si hu Lëtzebuergesch jo bëssi als Däitsch ugesinn. Zum Schluss war et bëssi anescht, do ass alles am Fong bëssi rageholl ginn."

Déi éischt Lëtzebuerger sinn der Waffen-SS iwwregens schonn 1941 bäigetrueden, also ee Joer virun der Zwangsrekrutéierung.

*An engem weidere Reportage thematiséiere mer, wéi et nom Krich mat de fréiere Lëtzebuerger SS-Membere virugaangen ass.

Back to Top
CIM LOGO