
“Frau im Dunkeln” dat ass den Titel vun eisem Buch vun der Woch. An dat passt och bei d’Autorin, well bis haut ass net gewosst wien sech hannert dem Pseudonym Elena Ferrante verstoppt. Dëse Roman ass net nei. En ass schonn 2006 ënnert dem Titel “La figlia oscura” erauskomm, gouf awer elo vu Suhrkamp nei opgeluecht. D’Bea Kneip stellt Iech e vir
“Frau im Dunkeln” dat ass den Titel vun eisem Buch vun der Woch. An dat passt och bei d’Autorin, well bis haut ass net gewosst wien sech hannert dem Pseudonym Elena Ferrante verstoppt. Dëse Roman ass net nei. En ass schonn 2006 ënnert dem Titel “La figlia oscura” erauskomm, gouf awer elo vu Suhrkamp nei opgeluecht. D’Bea Kneip stellt Iech e vir
Mat engem Autosaccident fänkt de Roman un, wéi et dozou komme konnt, gëtt een awer eréischt op der leschter Säit gewuer.
D’Leda ass eng Fra ëm déi 50, gescheet a Mamm vun 2 erwuessene Meedercher. Zënter d’Bianca an d’Marta decidéiert hunn, op Toronto bei hire Papp wunnen ze goen, féiert hir Mamm nees e Single-Liewen...an dat gefält dem Leda ganz gutt esou. No der Gebuert vun hiere Kanner hat si hire Beruff opginn, mëttlerweil schafft si erëm als Dozentin un der Universitéit zu Florenz. Et ass Summer. Ganz spontan bucht si eng Vakanz an engem klengen Appartement um Mier. D’Plage ass voller Leit, Do ass zum Beispill eng Groussfamill vun Neapel déi all Dag dohinner kënnt. Ganz besonnesch eng jonk Fra an hir kleng Duechter falen dem Leda op. D’Nina wierkt op si wéi déi perfekt Mamm a fir d’Leda gëtt et zu engem Zäitverdreiw fir dem Nina an dem klengen Elena nozekucken. Mä no an no bréckelt dee schéine Schäin an d’Leda fënnt déi zwee ëmmer méi nerveg. An dann mécht si eppes Nidderträchteges dat keen hir zougetraut hätt, am mannste si selwer.
Wat heescht et, Mamm ze sinn? An “Frau im Dunkeln” raumt d’Elena Ferrante mat de gängege Klischeeën op, a weist eng Fra déi hir Roll als Mamm ganz ambivalent erlieft. Esou wéi aus dem idealiséierten Nina lues a lues eng ganz gewéinlech Fra gëtt, kritt och de Mythos vun der perfekter Mamm ëmmer méi Rëss. Widderspréchlech Gefiller sinn hei am Spill, vu Léift iwwer Resignatioun bis hin zu Roserei an irrationalem Haass. Dat ass wäit ewech vun dem traditionelle Bild vun der Mamm dat sech méi um Idealbild vun enger Madonna orientéiert wéi un enger normaler Fra. Sou interesséiert sech d’Elena Ferrante fir déi däischter Säite vum Mamm-sinn, fir déi Momenter vu Verzweiwlung wann dee séisse Puppelchen deen een sech esou gewënscht hat, als eng Laascht empfonnt gëtt, an d’Mamm sech selwer net méi versteet. “Frau im Dunkeln” ass en immens éierleche Roman den aus enger eigentlech banaler Geschicht e richtege Pageturner mécht, den een net méi aus der Hand leeë kann.
“Frau im Dunkeln” vun der Elena Ferrante ass an enger neier däitscher Iwwersetzung bei Suhrkamp erauskomm.