
Et geet ëm dem franséischen Dokter a Revolutionär Jean-Paul Marat säin Doud am Joer 1793. “Le dernier bain” ass den zweete Roman vun der franséischer Schrëftstellerin Gwenaële Robert. De weltbekannten Tableau vum David “La mort de Marat” huet hir als Virlag gedéngt. Wie war dëse politesche Personnage wierklech? Weist eis de Moler David d‘Realitéit a sengem bekannte Bild?
De Buch-Cover war et, dee mer Loscht ginn huet “Le dernier bain” vum Gwenaële Robert ze liesen. Dem David säin emblematescht Bild “La mort de Marat” gouf am Juli 1793 an Optrag ginn. Et weist de Konventionalist e puer Minutten no sengem Doud an der Bidden. A där enger Hand e Bréif vum Charlotte Corday, an där aner Hand, eng Lëscht mat Käpp, déi nach sollte rullen.
De Cover huet mech also virwëtzeg gemaach, op wéi eng Manéier geet Schrëftstellerin dësen historesche Moment an hirem Buch un?
An ech war zimlech séier begeeschtert. Eng ganz Rëtsch Personnagë kommen am Buch vir, historescher, wéi natierlech de Marat, de Moler David, d’Charlotte Corday oder nach d’Kinnigin Marie-Antoinette, awer och fiktiv Protagonisten, déi d’Vollek vun där Zéit erëmspigelen.
D’Geschicht fänkt eng Woch virum Marat sengem Doud un, den 11 Juli, deen Dag wou d’Charlotte Corday op Paräis kennt, mat engem Zil: de sougenannte Märtyrer vun der Revolutioun ëmzebréngen.
Datt awer gläichzäiteg aner Leit sech dem Marat säin Doud genee sou wënschen, erzielt hei d’Schrëftstellerin an Hand vu klenge fiktive Geschichten, Schicksaler déi all an dëser waarmer Juli-Woch 1793 zu Paräis openeen treffen.
Intressant ass, datt am Buch de Marat a säi politescht Denke quasi net thematiséiert ginn. D’Literatur erméiglecht et hei net nëmmen de grousse politeschen Evenementer gerecht ze ginn, mä och den anonyme Persounen aus där Zäit eng Stëmm ze ginn.
Ee Roman, dee sech immens gutt liest, deen trotz senge sëlleche fiktive Personnagen historesch relevant ass, an deen ee gudden Abléck an dës dach däischter Zäit vum 18te Joerhonnert gëtt.
“Le dernier bain” ass bei den Editions Robert Laffont erauskomm.
D’Buch vun der Woch dréit ëm en historesche Moment zu Paräis, véier Joer no der Prise de la Bastille. Et geet ëm dem franséischen Dokter a Revolutionär Jean-Paul Marat säin Doud am Joer 1793. “Le dernier bain” ass den zweete Roman vun der franséischer Schrëftstellerin Gwenaële Robert. De weltbekannten Tableau vum David “La mort de Marat” huet hir als Virlag gedéngt. Wie war dëse politesche Personnage wierklech? Weist eis de Moler David d‘Realitéit a sengem bekannte Bild? D’Jenny Fischbach huet Buch fir eis méi genee ënnert d’Lupp geholl.