
Reit en sech an an déi laang Lëscht vu skandinavesche Thrilleren, wou engem Schuddere beim Liesen ausginn? D’Myriam Welschbillig huet d’Buch gelies
AUDIO: 07/08/2018 Buch vun der Woch: KrokodilwächterD’Katrine Engbert ass an Dänemark éischter als Dänzerin a Choreographin bekannt, huet sech awer elo mat „Krokodilwächter“ als Krimiautorin probéiert, wat hir nawell net schlecht gegléckt ass.
D’Geschicht fänkt direkt mat engem Muerd un. Dat jonkt Julie, dat grad eréischt vum Land op Kopenhage geplënnert ass, gëtt brutal a senger Wunneng ëmbruecht. De Mäerder ritzt em bizarr Musteren an d’Haut, wéi wann en eng Spur wéilt hannerloossen, oder eng Warnung … oder vläicht béides?
De Kommissar Jeppe Korner a seng Kolleegin Anette Werner sti virun engem Rätsel, bis datt d’Proprietärin vun der Wunneng, d’Esther de Laurenti, der Polizei d’Manuskript vun hirem Krimi bréngt, an deem d’Dot genee beschriwwen ass. Den Text hat se enger klenger Grupp vu Leit iwwer eng Internetplattform zougänglech gemaach, laang ier et zu där bestialescher Dot koum. Et ass eng éischt Spur, ma déi zwee Ermëttler kommen just lues weider a brauchen eng ganz Zäit, fir d’Vernetzungen tëscht all hire Verdächtegen an Net-Verdächtegen opzedecken.
D’Geschicht gëtt vun zwee Personnagë gedroen, engersäits dem Kommissar Jeppe, dee voll de Klischee vum ënnerbezuelten a gestresste Polizist erfëllt: gescheet, ze vill Alkohol, ze vill Pëllen, pessimistesch, ma hartnäckeg ... an och e bësse pipeg: E mëmmelt sech esou richteg an a sengem emotionale Misär.
Anerersäits dann d’Rentnerin Esther de Laurenti, déi fréier Unisproff, déi mat hirem éischte Buch am Gaangen ass, deem Buch, dat de Mäerder als Virlag benotzt huet. Grad wéi de Kommissar fillt och si sech eleng a struewelt, fir sech aus hirem selwer gesponnene Kokon ze befreien.
D’Handlung entwéckelt sech aus de Perspektive vun dësen zwee Protagonisten. Dertëscht sinn Auszich aus dem Esther sengem Manuskript gestreet, wat mat de Perspektivewiessele fir e bësse Schwong a Spannung suergt, well virun allem an der éischter Hallschent huet et mir e bëssen doru gefeelt. Vläicht, well d’Buch als Thriller annoncéiert gëtt – et ass éischter e gutt gemaachen, traditionelle Krimi: Et gëtt een als Lieser op falsch Spure bruecht an de Mäerder ass der Police ëmmer e Stéckelche viraus. Virun allem am éischten Deel gëtt alles e bëssen an d’Längt gezunn, zum Beispill mat Passagen, déi laang a breet d’Policeaarbecht beschreiwen, wat hautdesdaags no all deenen CSI- a Medical-Detectives-Sendungen op der Tëlee net méi wierklech nei an interessant ass.
Kopenhagen dergéint, wou sech d’Dramen ofspillen, ass zum Gléck net d’Mäerchewelt vum Hans Christian Andersen, net nëmme Kleine Meerjungfrau a Shoppingmeilen, ma Industrievéierelen an nordesch niichter. Et gëtt och net op Action opgebaut, éischter op d’Policeaarbecht an d’Verstréckunge vun de Figuren.
Zum Schluss, wa sech alles opléist, geet et dann allerdéngs e bësse schëtzeg, sou datt d’Motiv an déi ganz Zesummenhäng zwar kloer ginn, ma et geet net genuch an d’Déift, fir 100%eg ze iwwerzeegen – iwwerraschend sinn d’Hannergrënn awer allemol.
Um Enn bleift eng gewësse melancholesch Stëmmung hänken, well mat der Léisung vum Fall ass et net gedoen, duerfir ginn ze vill Themen opgeworf: Schold, Elengsinn, mënschlech Grausamkeet an d’Gefill, deem ausgesat ze sinn, ouni eppes kënnen dergéint ze maachen. Och wann et an engem Krimi un éischter Plaz ëm d’Opklärung vun engem Verbrieche geet, sou schéngt d’Entwécklung vun de Protagonisten der Autorin dach staark um Häerz geleeën ze hunn.
A wie wëll gewuer ginn, firwat d’Buch „Kokodilwächter“ heescht, dee muss d’Buch mat senge gutt 500 Säite da scho selwer liesen.
„Krokodilwächter“ ass erauskomm beim Verlag Diogenes.