
Déi jonk däitsch Schrëftstellerin Romy Hausmann gouf 1981 an der DDR gebuer an huet, bis se 2014 hiert éischt Kand kritt huet an der Redaktioun vun enger Münchner Fernsehproduktiounsfirma geschafft. Bei hirer Arbecht koum si a Kontakt mat Leit, déi an alle méigleche schwierege Liewenssituatioune sinn, léiert, ënner anerem, wéi den Alldag vu Flüchtlingen ofleeft, a wéi Affer vu Mësshandlungen sech dru ginn, fir weider ze liewen. An dësen Erfahrungen fënnt si d’Inspiratioun fir hir zweet Publikatioun LIEBES KIND.
2004 verschwënnt d’Lena, an der Nuecht, no enger Party. Hire Papp, de Matthias, setzt Himmel an Häll a Beweegung, fir seng Duechter ze fannen. Hie leet sech mat der Police un, déi a sengen Aen net intensiv genuch sicht, a mat der Press, déi keen all ze vill positiivt Bild vu sengem Meedchen zeechent. Mä näischt, ... keng Spuer. Kee Liewenszeechen, awer och keng Läich.
14 Joer méi spéit gëtt eng jonk Fra no engem Autosaccident an d’Klinik ageliwwert. Déi eenzeg Donnée: si heescht Lena. De Matthias ass an all sengen Zoustänn an hetzt an d’Klinik. Awer wéi hien d’Fra gesäit, ass seng Enttäuschung grouss: dëst ass sëcher net seng Duechter. Mä bei der blesséierter Fra ass ee klengt Meedchen, wat ‘Mama’ zu hir seet,... an dëst Kand ass dem Matthias sengem verschwonnene Lena wéi aus dem Gesiicht geschnidden
LIEBES KIND ass d’Geschicht vum Lena, Jasmin an Hannah, allen dräi Affer vun dem selwechten Entféierer. En Entféierer, deen déi total Kontroll iwwer si ausüübt, hien ass d’Gesetz, jo, hien ass Gott. En oft ganz grausame Gott... awer och de Beschützer vun deenen, déi hie gär huet. Op d’mannst gesäit hie selwer sech an där Roll.
Näischt ass sou richteg schwaarz oder wäiss an dëser Erzielung, an dat mécht de groussen Attrait an der Romy Hausmann hirem Buch aus. D’Personnagë sinn engem no, mol méi, mol manner sympatesch, an ‘t kann ee sech a si afillen: Kanner, déi keen anert Liewe kennen a bedingungslos frou mat hiren ‘Eltere’ sinn, eng jonk Mamm, déi bereet ass, alles fir hir Kanner ze maachen, an eng aner jonk Fra, déi an eng Roll era forcéiert gëtt, déi definitiv net hir ass, dem Lena säi Papp, deem seng ganz Existenz op d’Kopp gedréit gouf, an deen nach just fir d’Sich no senger Duechter lieft. An souguer beim Entféierer léiert de Lieser nozevollzéien, wisou a firwat hien esou ausgeklinkt ass a wat hien op säin destruktive Wee bruecht huet.
LIEBES KIND, eng mega spannend erzielte Geschicht, ganz originell a villschichteg, temporäich och doduerch, dass d’Erzielperspektiven dauernd wiesselen, an déi véier Personnagen den Oflaf vun deem, wat geschitt, ëmmer aus hirer jeeweileger Vue beliichten. D’Romy Hausmann beweist eng grouss Liichtegkeet, hire Lieser ëmmer nees op nei Pisten ze lackelen, duerch d’ganzt Buch méi oder manner verstoppten Undeitungen ze maachen, an de Suspense bis zum Schluss héich ze halen. Et ass mir gaang, wéi schonn en anere Kritiker gesot huet: ech konnt dëse Thriller net aus der Hand leeën...