Buch vun der Woch"Römisches Fieber" vum Christian Schnalke

RTL Lëtzebuerg
De Roman ass bei Piper erauskomm.

De Roman „Römisches Fieber“ vum Christian Schnalke spillt am fréie 19. Joerhonnert a weist, wéi de Bouf vun engem aarmen a gewalttätegen Alkoholiker, duerch Zoufall d´Identitéit vun engem räiche jonken Dichter unhëlt, dee vum bayresche Kinnek e Stipendium kritt huet fir e Joer zu Roum ze liewen an ze schreiwen.

Nodeems dem Christian Schnalke säin Haaptcharakter, den Franz Wercker, an enger verzweiwelter Aktioun säi Papp ëmbréngt, well deen e scho säi ganzt Liewe op d´iwwelst mësshandelt, steet dem Franz sengem groussen Dram, fortzegoe fir ze schreiwen, esou zimlech alles am Wee, wat engem esou kann am Wee stoen. Op der Flucht virun den Autoritéiten, leeft e vu Memmingen zu Fouss bis op de Gardaséi, wou e sengem Liewen endlech wëllt en Enn setzen.
Mä ´t ass awer éischter Schicksal ewéi Zoufall, dass grad an deem Moment, an deem de Franz wëllt fir ëmmer am Gardaséi verschwannen, en dem jonken Dichter Cornelius Lohwaldt begéint. Den Doud kritt och an där Nuecht eng Séil, allerdéngs net déi versprachen. Well de Lohwaldt ze vill gedronk huet, fält en an d´Waasser an de Franz versicht en eraus ze zéien. Allerdéngs entwéckelt d´Rettungsaktioun sech zu engem Kampf ëm Liewen an Dout. Hei e klengen Ausschnëtt:

„Er wollte hinauf zur Oberfläche, doch plötzlich waren da Finger, die sich an ihn krallten und ihn in wilder Panik nach unten zerrten. Eine Hand umklammerte seinen Arm, sodass er damit nicht rudern konnte, eine andere schlug und kratzte in sein Gesicht. Plötzlich stießen die Finger mir Urgewalt in seinen Mund und packten eisern zu. Die Hand hielt seinen Unterkiefer umklammert, riss daran herum und drohte ihn vom übrigen Kopf abzureißen, als ob ein Wassergeist ihm das warme Blut aus dem Körper schütteln wollte. Der Schmerz war übermächtig, Luft schoss aus seinem Mund. In Todesangst schlug er mit dem freien Arm um sich, traf irgendetwas, irgendwo, und als sich der Griff immer noch nicht lockerte, stieß er mit dem Fuß zu.(…) Wasser strömte in seinen Hals, die Luftnot war kaum noch zu ertragen, Schläge, Tritte, Stöße – plötzlich spürte er sich befreit, ruderte mit den erlösten Armen – und dann Ruhe. Stille, Frieden.“

Dee Chaos am Waasser, dat Rengen ëm Liewen an Doud kann een duerchaus als dem Franz seng Befreiung vun den Dämonen aus senger Vergaangenheet an als Erléisung vum Wonsch, sech d´Liewen ze huelen, liesen. Hie kämpft hei mat senger erbäermlecher Identitéit aus der Vergaangenheet, déi e mam Fouss op de Grond vum Gardaséi stéisst a kann esou endlech dee ginn, deen en ëmmer wollt ginn. Den Duercherneen weist, dass an där Nuecht en Identitéitswiessel geschitt. An de Franz zéckt net laang, wéi en dunn d´Geleeënheet kritt, dem Lohwaldt seng Saachen ze huelen an domadder op Roum ze fueren.
Wéi en zu Roum ukënnt, ass alles nach vill besser, wéi e sech dat virgestallt huet. Dem Christian Schnalke seng Beschreiwungen molen e faarwegt a romantescht Bild vun der Stad am fréien 19. Joerhonnert a weisen intressant a gutt ausgebaute Charakteren, déi deelweis un historesche Figuren inspiréiert sinn. De Franz verkéiert bal nëmme mat däitsche Kënschtler, verbréngt seng Zäit domadder ze liesen an ze schreiwen a verléift sech och an eng jonk Molerin. Wou dem richtege Lohwaldt seng Schwëster awer op Roum reest, fir hire Brudder ze sichen, dréint d´Geschicht e bëssen. Hatt ass nämlech bereet, säi Spill matzespillen – allerdéngs no sengen eegene Reegelen.

„Römisches Fieber“ ass fléissend a spannend geschriwwen an de Christian Schnalke fesselt ee mat sengem faarwegen a liewege Schreifstil vum éischte Moment un, an deem en de Lieser an d´Flucht vu sengem Haaptcharakter geheit. Obwuel sech verschidde Passagen, an deenen e sech an extremen a kitschege Beschreiwungen iwwer Konscht verléiert, e bëssen zéien, liese sech déi bal 400 Säiten praktesch an enger Kéier an ‘t ass eng Lektür, déi op jiddefalls ze recommandéieren ass.

Back to Top
CIM LOGO