Zënter senger Kriibsdiagnose am Abrëll 2016, huet de Georges Hausemer seng Erliefnisser an engem Bolg festgehalen, ënnert dem Titel “Mein Tumor und ich”, den e spéiderhinn an “Ich und mein Tumor” ëmgeännert huet. No sengem Doud am August d’lescht Joer, huet seng Fra Susanne Jaspers decidéiert dëse Blog als Buch erauszebréngen, dat mat engem Nowuert vun hir selwer. Doraus ass dat Buch ginn, dat d’Bea Kneip Iech elo am Gespréich mat der Susanne Jaspers virstellt: “Wir sehen uns in Venedig”

“Wir sehen uns in Venedig. Mein Tumor und Ich. Ich und mein Tumor. 33 Tage Intensivstation, ein paar davor und viel zu wenige danach.” Dat ass dee kompletten Titel vun dësem Buch dat eigentlech aus zwee Deeler besteet. Am éischten Deel de Blog vum Georges Hausemer, den den 9te Juni 2018 ophält. Den zweeten Deel war vun der Susanne Jaspers als kuerze perséinlechen Noruff op hiere Mann geduecht. Wéi si awer bis ugefaangen hat mat schreiwen, konnt si net méi ophalen, bis alles eraus war. Si erzielt wéi si hien an de leschte Woche vu sengem Liewe begleet huet, tëscht Angscht an Hoffnung, Freed an Enttäuschung. A vun der Zäit duerno, an hirer Trauer. Dobäi hat bis kuerz virdrun alles nach ganz gutt ausgesinn, d’Dokteren hate vun engem “stable disease”, also eng stabler Krankheet geschwat. Bis et him dunn ausgangs Juni 2018 stënterlech méi schlecht gaangen ass:Déi 33 Deeg op der Intensivstatioun ware fir d’Susanne Jaspers eng besonnesch traumatesch Zäit
Dee Kranke selwer huet dat awer net bewosst materlieft. An dat ass och d’Erklärung fir den dach éischter ongewéinlechen Titel “Wir sehen uns in Venedig”.
“Wir sehen uns in Venedig” ass ganz sécher dat perséinlechst an dat éierlechst Buch dat een sech an dëser Situatioun virstelle kann. Dobäi steet deenen traurege Momenter och eng zolitt Portioun Humor géintiwwer - deeselwechten Humor deen d’Koppel Hausemer-Jaspers schonn ëmmer matenee verbonnen hat, an den et hinne wuel eréischt erméiglecht huet fir mat der Krankheet ëmzegoen. Och wann d’Buch natierlech eng schrëftstelleresch Kalitéit huet, war et ni als literareschen Text geduecht. Fir béid Auteuren war et méi eng Manéier fir sech hir Emotiounen vun der Séil ze schreiwen, a grad domat erreechen si iwwert de literaresche Public eraus, och Mënschen déi an der selwechter Situatioun waren oder sinn. Op alle Fall ass et en Text deen engem wierklech no geet an deen een esou bal net vergiesse wäert.
“Wir sehen uns in Venedig” vum Georges Hausemer an der Susanne Jaspers ass bei Capybarabooks erauskomm.