Et ass déi lescht Schoulvakanz virun der grousser Vakanz am Summer.

Audio: E puer Bicher fir d'Vakanz

Egal ob Dir d'nächst Woch am Ausland oder Doheem sidd, mir hunn Iech, zesumme mam Ernster, 3 Bicher fir déi nächst Deeg erausgesicht. E Buch fir Meedercher vun 9 Joer un, en neie Krimi vun engem Nummer 1. Spiegel Bestseller-Auteur an e Grapp erfonnte Geschichten.

RTL

Een halleft Joerhonnert – drësseg Kuerzgeschichten. Déi eng si wuel erfonnt, anerer der Realitéit noempfonnt, mee si all halen den Zäitgeescht vun engem hallwe Joerhonnert fest. D’Sujete vun den 30 Geschichte sinn divers: Se féiere mat der Detektivlupp iwwert de Fitnesspad bis rop op de Bockfiels, maachen en Halt bei Geeschterhaiser a leeden duerch déif Tunnellen nees zeréck an d’Stroossen, wou Konfetti a Lousbilljeeën uechter d’Loft fléien, – fir um Enn virun der Fro ze stoen, ob de Columbus net awer ee Lëtzebuerger war … Einfach esou - e Grapp erfonnte Geschichten vum Pe'l Schlechter kann ee sech op alle Fall an d'Wallis leeën.

RTL

Oder wéi wär et mam nächste Fall vun der Isabelle Bonnet? Madame le Commissaire und das geheime Dossierass schonn den 11. Fall vun der Kommissärin déi vum Pierre Martin erfonnt ginn ass. Dës Kéier geet et also ëm e geheimen Dossier deen dem Staatssekretär vum Ausseministère gehéiert, awer an der Provence geklaut ginn ass. Sou wéi och an den 10 Fäll virdrun, lieft de Krimi vun enger gudder Portioun Humor an de Figure ronderëm d'Kommissärin Isabelle Bonnet. Perfekt Lecture fir d'Vakanz.

RTL

A wat kréien d'Kanner an de Grapp gedréckt? Meedercher vun 9 Joer un dierfte vill Spaass mat der neier Geschicht vum Lotta hunn. An der Serie Mein Lotta-Leben ass een elo bei Nummer 20 ukomm, Immer dem Panda nach. D'Lotta ass ganz opgereegt well dem Pappa seng australesch Schwëster déi ganz Famill fir Silvester a Frankräich invitéiert huet. D'Cheyenne, dem Lotta seng bescht Frëndin wëll onbedéngt mat a Frankräich, ma ier de Joreswiessel gefeiert ka ginn, mussen d'Meedercher fir d'éischt erausfanne firwat do e Panda op der Plage läit an ob am Haus an der Bretagne wierklech e Schatz verstoppt ass.