An den nächste Wochen dierften erëm eng Partie Leit Vakanz maachen. Dat ass fir vill Leit och d'Geleeënheet fir mol erëm e Buch ze liesen. Mä wéi eent?

Audio: E puer Bicher fir d'Vakanz

Dat éischt Buch wat mir Iech un d'Häerz wëlle leeën, dierf u sech a kengem Stot hei zu Lëtzebuerg feelen. Ëmmerhi geet et ëm deen eenzege Superheld deen et zu Lëtzebuerg, pardon zu Luxusbuerg, gëtt. Nee, et ass keng nei Aventure vum Superjhemp, mä et ass deen alleréischte Superjhemp, deen elo an enger Jubiläumseditioun erauskënnt, e Must fir all Superjhemp-Fan.

RTL

Fir de 35. Gebuertsdag vum Charel Kuddel kënnt De Superjhemp géint de Bommeléer dës Woch erëm an d'Butteker. Wa mir och haut nach ëmmer net richteg wësse wien déi richteg Bommeleeër waren, sou maachen den Inspekter Schrobiltgen, de Kommissär Harespel an natierlech de Superjhemp kuerze Prozess mam Bommeléer deen dann och iwwerfouert gëtt. Dat ass net nëmmen eppes fir d'Frënn vun de Wuertspiller.

Am 2. Buch fir d'Vakanz verloosse mir Luxusbuerg a Richtung New York. Do kommen nämlech d'Blue Sisters zesumme fir ze verhënneren datt d'Haus vun hiren Eltere verkaaft gëtt. Eigentlech waren d'Blues Sisters zu 4, ma d'Nicky ass ganz onerwaart gestuerwen.

RTL

D'Avery, d'Bonnie an d'Lucky, déi allen 3 net sou richteg mam Doud vun hirer Schwëster eens ginn an och net méi ënnerschiddlech kéinte sinn, wëllen zu New York also verhënneren datt hiert Elterenhaus verkaaft gëtt a fannen allen 3 awer do eraus datt et nëmmen eng Méiglechkeet fir aus Trauer an Ofhängegkeet erauszekommen. An zwar fir erëm bei sech selwer ze fannen. E Roman bei deem ee laacht, kräischt an direkt de Besoin huet senger Schwëster oder Brudder unzeruffen. Et ass déi 2. Geschicht vun der Coco Mellors déi scho mat Cleopatra & Frankenstein an der Top 10 vun de Bestsellerlëschten ze fanne war.

An dann awer och nach eppes fir déi ganz jonk an déi net grad sou jonk. Fänke mir mol mam Wollef hunn.

RTL

Déi franséisch Schrëftstellerin Orianne Lallemand huet d'Figur vum Wollef an d'Liewe geruff, deem seng Geschichten och an d'Lëtzebuergescht iwwersat ginn. Am De Wollef an d'Dinosaurier fënnt de Wollef e komescht Ee aus deem en Dinosaurier erausluusst. Dem Wollef bleift näischt aneres iwwereg fir den Dinosaurier erëm a säi Land ze bréngen. Ideal fir eng Geschicht ier et an d'Bett geet.

An déi bësse méi grouss Kanner déi sech entweder am Däitschen, Franséischen oder Mathé op dat nächst Schouljoer preparéieren, oder e bëssen zousätzlech übe wëllen, kënnen op d'Serie Le petit Martin zeréckgräifen.

RTL