Hei sinn 3 Propose fir d'Vakanz; en Orwell-Klassiker op Lëtzebuergesch, makaber Geschichten aus Argentinien an de Leo dee mat Geeschter schwätze kann

RTL

Fir d'éischt geet et op de Milleschhaff an England; d'Déieren op deem Haff hunn es genuch a wëllen endlech selwer iwwert hiren Haff regéieren. Si erhiewe sech géint d’mënschlech Ënnerdréckung a striewen no enger Welt, an där jidderee gläich ass. Mee séier stellt sech eraus, dass gläich net ëmmer gläich ass. Animal Farm, elo also och op Lëtzebuergesch, vum George Orwell weist eis nach haut op d’Gefor vum bestiechenden Effekt vu Muecht hin, a wéi séier eng Revolutioun riskéiert an eng Diktatur ëmzeschloen.

RTL

D'Autorin Mariana Enriquez mellt sech mat enger Sammlung vu klenge makabere Geschichten zeréck. Dës Kéier erzielt d'Argentinierin, déi op der Shortlist vum International Booker Prize stoung, 12 kleng Geschichten iwwer ganz gewéinlech Leit, meeschtens Fraen, deenen hiert Liewen aus dem Rudder leeft nodeems se Erfarung mat Terror, dem Surrealen oder Iwwernatierlechem gemaach hunn. "A Sunny Place For Shady People" ass vun der Megan McDowell an d'Englescht iwwersat ginn.

RTL

An da bleift nach de Leo Helsing Krüger. Dee kann eppes ganz Besonnesches; hie gesäit Geeschter a kann och mat hinne schwätzen. Dat fënnt deen 10 Joer alen a scheie Bouf awer eréischt eraus wéi hien de Geeschter Ferdinand, Agathe an Harry begéint. Déi 3 brauchen Hëllef; et geet net méi ëm Liewen an Doud mä ëm hire séilege Fridden. De Leo huet allerdéngs e Problem; hien huet Angscht. Seng Frëndin Antonia léisst sech duerch näischt erféieren an hëlleft dem Leo bei senger Geeschtergeschicht "Traue sich, wer kann".