Nach e puer Iddie fir de Summer

Wie bis elo nach keng Vakanz hat an nach op der Sich no e bësse Lecture fir de Summer ass, proposéiere mir Iech erëm 3 Bicher fir an d'Wallis.
Déi Kéier e praktesche Guide fir de Mëllerdall, en neie Thriller vum Marc-Uwe Kling an e Panda deen op den Numm Teo lauschtert.

Am Buch "Region Müllerthal – 80 Erlebnisorte" huet de Rob Kieffer iwwer 80 bemierkenswäert Plazen an der Géigend vum Mëllerdall zesummegedroen an dat an dräi Sproochen: Däitsch, Franséisch an Englesch. Ganz interessant; 79 vun deenen 80 Plaze fënnt een op ausgewisenen Trëppeltier an déi respektiv topographesch Kaarte sinn och dobäi. Vakanz kann ee jo och Doheem maachen an, Hand op d'Häerz, dee ganze Mëllerdall a seng schéi Plazen ass nach laang net vu jidderengem entdeckt ginn.
Hei geet et bei Region Müllerthal

De Papp vun de Känguru-Chroniken a vum Neinhorn, de Marc-Uwe Kling, schreift net nëmme fir Kanner. A sengem neie Wierk "Views" steet schonn um Cover drop datt sensibel Lieser sech op vill Gewalt astelle mussen. Et geet ëm dat 16 Joer aalt Lena Palmer verschwënnt an no 3 Deeg an engem brutale Video erëm opdaucht. D'Kommissärin Yasira Saad iwwerhëlt de Fall a soll d'Lena, grad ewéi den Täter fannen. Demonstratiounen a ganz Däitschland an déi rietsradikal Gruppéierung "Aktiver Heimatschutz", maachen d'Sich nom Lena net onbedéngt méi einfach.

A fir eis jonk Lieser ass déi 2. Geschicht vum Panda Teo bestëmmt dat Richtegt. "Pantastesch - De Kampf ëm d'Kroun" ass och dës Kéier vum Gilles Kolbet geschriwwen, d'Illustratioune si vun der Nadine Scholtes. Dem Panda Teo säin Dram ass endlech an Erfëllung gaangen. Hien ass zum Kinnek vun den Déiere gekréint ginn. Mee séier muss den Teo feststellen, datt net jiddereen sech mat him freet. Do gëtt et nach en aneren, deen sech d’Kroun gär wëllt opsetzen.