Depart lass!!! Karikatour a Jacaranda

RTL

Dir sicht no familljefrëndleche Wanderwëer zu Lëtzebuerg? "Depart lass!!!" proposéiert 33 kuerz Wanderungen a 5 verschiddene Regioune vum Grand-Duché. D'Eltere kréien e bëssen Hëllef an d'Kanner kënnen ënnerwee bastelen a rätselen. Donieft ginn et praktesch Informatioune wéi zum Beispill Parkplazen, wou e Bus stoe bleift oder wat een alles fir en Trëppeltour apake soll. Är Kanner sinn nach ze kleng fir selwer ze wanderen? Och dat ass kee Problem; "Depart lass!!!" huet och eng Partie Weeër opgelëscht déi ouni Problem mat der Poussette ze bewältege sinn.

RTL

Et ass schonn déi 25. Editioun vun der "Karikatour ". An och fir dëse Gebuertsdag erwaarden Iech Pannen a Gaffen déi sech Politiker, Promien a Persounen aus der Ëffentlechkeet d’Joer iwwer leeschten. Et ass also net komplizéiert fir d’Buch, Joer fir Joer, ze fëllen. Donieft ass d'"Karikatour" och e gutt Géigemëttel fir sech net grad sou Eescht ze huelen an eng Méiglechkeet den Alldag mat enger gudder Portioun Humor ze verséissen.

RTL

An zum Schluss nach e Roman ronderëm de Vëlkermord un den Tutsi. "Jacaranda" erzielt d'Geschicht vum Stella a sengem Frënd Milan déi, iwwer Joren, probéieren hannert d'Geheimnisser déi am Schiet vum Jacaranda-Bam verstoppt sinn, ze kommen. Duerch hir Reese kréien d'Affer eng Stëmm a fanne Fridden um Bord vum Kivu-Séi. Iwwer 4 Generatiounen erzielt de franséische Schrëftsteller a Museker Gaël Faye déi beweegend Geschicht vun engem Land, dat trotz allem den Dialog sicht an déi lieweg, deels paradox, Natur vun der Mënscheet feiert.