Film vun der WochPROJECT HAIL MARY vum Phil Lord a Christopher Miller

Frank Grotz
De Film baséiert op engem weidere vum Science-Fiction-Auteur Andy Weir senge Bestseller a versprécht mat engem Budget vun iwwer 150 Milliounen Dollar groussen Hollywood-Spektakel.
Film vun der Woch: Project Hail Mary
E Film vum Phil Lord a vum Christopher Miller

De Science-Proff Ryland Grace versteet d’Welt net méi, wéi hien u Bord vun engem Raumschëff erwächt. No an no erënnert hie sech awer drun, datt hie geschéckt gouf fir de bloe Planéit ze retten. Wéi et dozou koum a wat fir eng onerwaarte Frëndschaft hien op senger Rees schléisst, erzielen d’Realisateure Phil Lord a Christopher Miller mat vill Ironie, grousse Spezialeffekter an engem dynamesche Montage.

Gewinnt labber spillt de Ryan Gosling sech duerch d’Héichten an Déifte vum Astronaut, dee vläicht e bëssen ze tollpatscheg geroden ass. D’Sandra Hüller, déi hei an hirer éischter Blockbuster-Roll ze gesinn ass, interpretéiert dobäi déi streng Projets-Managerin, déi de chaotesche Wëssenschaftler an der Spuer hält. PROJECT HAIL MARY ass spannend Science-Fiction, déi et versteet, grouss Emotioune ronderëm klassesch Theme wéi Courage a Frëndschaft auszeléisen. Um Déifgang vun The Martian oder engem Interstellar ass dës Produktioun awer manner interesséiert.

Back to Top
CIM LOGO