Film vun der WochTHE DRAMA vum Kristoffer Borgli

Loïc Tanson
Am neie Film "The Drama", mam Zendaya a Robert Pattinson geet et ëm d’Fassad vun enger perfekter Bezéiung, déi an d’Bréch geet.
Film vun der Woch: THE DRAMA vum Kristoffer Borgli
Am THE DRAMA, mam Zendaya a Robert Pattinson, geet et ëm d’Fassa vun enger perfekter Bezéiung déi an d’Bréch geet.

Eng verloobt Koppel, déi kuerz virun der perfekter Hochzäit steet, geréit duerch eng onerwaarten Offenbarung aus dem Gläichgewiicht. An do, wou virdru blann Léift war, ass elo nëmmen nach Mësstrauen.

THE DRAMA spillt bewosst mat de Clichéë vun der klassescher Romcom. De Realisateur Kristoffer Borgli baut eng kal a gläichzäiteg verféieresch Atmosphär op, an där d’Fro am Mëttelpunkt steet, ob Léift a Wourecht iwwerhaapt kompatibel sinn. Wat ufanks wéi eng charmant an elegant Libesgeschicht wierkt, entwéckelt sech lues a lues zu enger batterer Charakterstudie iwwer Moral, Hypokrisie a virun allem de Bléck vun aneren. Duerch seng roueg Inzenéierung an eng melancholesch Musek vum exzellenten Daniel Pemberton entsteet eng permanent Onsécherheet, déi de Film bis zum Schluss dréit.

THE DRAMA bleift sech a senger Ironie konsequent trei bis hin zu sengem leschten Akt, dee rhythmesch an thematesch nawell offält. De Schauspill-Duo Zendaya a Pattinson brénge schlussendlech vill emotional Déift an eng komesch Fragilitéit an dës verbattert Koppel, déi lues a lues un de sozialen Erwaardungen an hiren eegene Ligen implodéiert.

Back to Top
CIM LOGO