Am sengem neie Wierk erzielt de Realisateur vu Filmer wéi Ocean’s Eleven a Logan Lucky d’Geschicht vun enger Konschtfälscherin an hirer Renconter mat engem Artist, deem seng Glanzzäit scho laang eriwwer ass.
D’Kanner vum bekannte PopArt-Kënschtler Julian Sklar bezuelen déi jonk Molerin Lori Butler, fir sech vun hirem Papp als Assistentin engagéieren ze loossen. Heemlech soll si dann eng Serie vun Tableaue fäerdeg molen, déi hien nach um Späicher leien huet an déi sengen Iewe vill Geld kéinten abréngen.
Bei THE CHRISTOPHERS déngt dee geplangte Bedruch als Hannergrond fir ee verbaalt Duell tëscht zwee Kënschtler. Wärend den Julian um Enn vu senger Karriär steet an dem Lori seng nach net wierklech ugefaangen huet, hu si sech allen zwee op hirem Wee verluer. Den Ian McKellen an d’Michaela Coel interpretéieren déi zwee entgéintgesate Charaktere brillant. Dem Julian säin iwwerdimensionéierten Ego léist dobäi awer nëmme begrenzten Empathie aus. Trotzdeem oder grad dowéinst bleift des Komedie awer eng schaarf Observatioun vun der Konschtwelt, an där relevant Messagen, Commerce a Persounekult sech schnell kënne vermëschen.