De 16 Joer alen AJ verbréngt seng Zäit am léifste mat Skaten an Zeechnen. Wéi de scheien Teenager dem Kirsten begéint, verléift hie sech op den éischte Bléck a muss all säi Courage zesummenhuelen, fir d'Häerz vun der jonker Surferin ze gewannen. Schnell ginn déi zwee onzertrennlech a maache Pläng fir d'Zukunft. Mee hiert Gléck gëtt duerch eng schwéier Krankheet gebremst an déi zwee mussen trotz hirem jonken Alter mat enger komplexer Situatioun eens ginn.
"In Waves" vun der Realisatrice Phuong Mai Nguyen ass ee ganz perséinlechen a sensibele Bléck op d'Trauer-Bewältegung. Mat impressionante Biller an enger gekonnter Kameraféierung kënnt de Film ëmmer nees op d'Metapher vum Mier zeréck, déi sech aus der Passioun vun der Koppel fir d'Surfen ergëtt.
Am Fokus steet dobäi éischter de gefillsvolle Portrait vun de Personnagen, wéi déi vollstänneg Exploratioun vun der Thematik.