Fir d'éischt Mol nëmme weekendsDe Ciné Sura zu Iechternach weist nees Filmer

RTL Lëtzebuerg
Virun 10 Deeg, hat den Iechternacher Kino an engem relativ enigmatesche Message matgedeelt, datt ee seng Dieren zougemaach hätt.
Archiv-Bild
Archiv-Bild
© RTL Archiv

Si hate sech mat der Federatioun vun den onofhängegen a regionale Kinoen (CDAC- Centre de diffusion et d'animation cinématographique) an d'Hoer kritt. Zanter dësem Weekend weisen d'Bedreiwer vum Ciné Sura zu Iechternach lo awer nees Filmer. Wéi et op der Facebooksäit vum lokale Kino heescht, fir d'éischt just lo Mol nees iwwert de Weekend. Bis September wéilt een dann ëmmer méi Seancë bäisetzen, bis een nees an den alen Trëtt zréckfënnt.

Virun 10 Deeg, hat den Iechternacher Kino an engem relativ enigmatesche Message matgedeelt, datt ee seng Dieren zougemaach hätt. Hannergrond ass e Sträit mam "Centre de diffusion et d'animation cinématographique", deen de Sura wéinst Verstéiss géint hir Statutten ausgeschloss hat. Detailer hu bis elo weder de Ciné Sura, nach d'Federatioun vun de Kinoe wëlle public maachen. Den Traditiounskino vun Iechternach hat awer vun Ufank un duerchblécke gelooss, et wéilt een och an Zukunft weider Filmer weisen. Mä et stelle sech elo nach eng Partie Froen.

Back to Top
CIM LOGO