Kee Blockbuster méi am Kinossall zu IechternachDe Ciné Sura huet seng Dieren zougemaach

Tim Hensgen
Zanter 1991 lafen am Sura Filmer. Wéi och déi aner kleng Kinoen, huet och de Klengtheater an der rue de la Montagne ëmmer erëm ëm d'Iwwerliewe gekämpft.
Archiv-Bild
Archiv-Bild
© RTL Archiv

"Liebe Freunde des Ciné Sura. Wir haben ab heute geschlossen". Dëse Message hunn déi Responsabel vum Kino en Dënschdeg gepost. Ouni weider Informatioun an Erklärung ze ginn.

© Screenshot / Facebook Ciné Sura

Hannergrond ass den Ausschloss aus dem Verband vun der CDAC – Cinextdoor no engem Vote an der leschter Assemblée générale extraordinaire. De Centre de diffusion et d'animation cinématographique ass eng onofhängeg Associatioun vun den 8 (zanter haut 7) regionale Kinoen (Ciné Orion, Ciné Prabbeli, Kulturhuef Kino, Kinoler, Ciné Le Paris an Ciné Starlight).

Haaptaufgab ass d'Kommunikatioun mat den Distributeuren aus dem Ausland. Sou soll, nieft weidere Prestatiounen, virun allem Diffusioun vu Qualitéitsfilmer an de regionale Kinoen a senge Memberen assuréiert ginn. De Ciné Sura soll géint intern Statuten a Reglementer verstouss hunn. D’CDAC – Cinextdoor setzt awer weider op den Dialog. Déi Responsabel vum Ciné Sura hu keng Detailer an Erklärungen ginn, ausser eng Äntwert iwwer de Messenger op Facebook: "Mir hun eng Léisung, mir maachen net ganz zou, wann Zäit do ass mellen mir eis".

Zanter 1991 lafen am Sura Filmer. Wéi och déi aner kleng Kinoen, huet och de Klengtheater an der rue de la Montagne ëmmer erëm em d'Iwwerliewe gekämpft. Dat mat Crowdfunding an innovativen Iddien ewéi den Autokino um Séi.

Zanter Januar 2025 war et en Iwwergangscomité, dee sech dem Kino Sura nom Doud vun hirem President gekëmmert huet. Sou konnt am Summer de Sall an enger stabiller finanzieller Situatioun an a gudden Terme mat der Gemeng un déi nei Responsabel iwwergi ginn.

Et wier ze hoffen, wann déi aktuell Situatioun net definitiv wier.

Back to Top
CIM LOGO