79. Editioun vum 5. bis de 15. AugustDräi Lëtzebuerger Koproduktiounen an der Selektioun um Locarno-Film-Festival

Annick Goerens
De Lëtzebuerger Film ass dëst Joer dräifach vertrueden.
Um Locarno Film Festival 2016
Um Locarno Film Festival 2016
© Boris Maric

Dräi Koproduktiounen, déi vum Filmfong ënnerstëtzt goufen, sinn an de Programm vun der 79. Editioun opgeholl ginn.

Besonnesch ervirzehiewen, ass de Film "Objet A" vum Ann Oren, eng Lëtzebuerger Koproduktioun mat Tarantula Luxembourg, deen an der Haaptkompetitioun ëm de prestigiéise Pardo d’Oro, de gëllene Leopard, an d'Course geet.

Och den Animatiounsfilm "New York, Miriam et moi" ass ausgewielt ginn, an der neier Sektioun Locarno Kids Screenings. De Film vu Rémy Schaepman a Léahn Vivier-Chapas ass vum Lëtzebuerger Studio Mélusine Productions koproduzéiert.

An der Sektioun "Histoire(s) du Cinéma" gëtt iwwerdeems de Film "Death Has No Master" vum Jorge Thielen Armand gewisen, eng Koproduktioun mat Deal Productions.

Duerch dës Selektioun bestätegt Lëtzebuerg eng Kéier méi d'Dynamik vu sengem audiovisuelle Secteur an d'Qualitéit vu sengen internationale Kooperatiounen, sou schreift et de Lëtzebuerger Filmfong. De Locarno-Film-Festival ass vum 5. bis den 15. August.

D'Schreiwes vum Lëtzebuerger Filmfong

Back to Top
CIM LOGO