
D'Vicky Krieps soll am neie Film vun der Oceans-Serie matspillen. Dat mellen eng Partie US-Medien, déi sech op Noriichten aus der Filmwelt spezialiséiert hunn, ënnert hinnen, "Hollywood Reporter" an d'Online-Plattforme "Bleedingcool" an "IMDb". Nieft der Lëtzebuerger Actrice sollen och de franséischen Acteur Omar Sy an de brittesche Schauspiller George MacKay zougesot hunn, beim Film matzespillen.
Regisseur vum Film ass de Bradley Cooper, dee selwer och matspillt. Och d'Margot Robbie, de Wagner Moura, d'Monica Barbaro an den Josh Gad hu Rollen am Film.
Den neie Film vun der Kult-Serie soll an den 1960er Joren an Europa spillen.