RTL Hitmaschinn - Zeréck an d'Zäit1991 - Sowjetunioun, Golfkrich & Internet

Bob Konsbruck
All Sonndeg reest de Radio tëscht 9:00 an 11:00 musikalesch zeréck an d'Zäit.
© RTL Grafik
© afp

An en Ufank op där enger Säit bedeit och dacks en Enn op där anerer. De 26. Dezember 1991 ass et offiziell eriwwer mat der Unioun vun de Sozialistesche Sowjetrepubliken, also der Sowjetunioun, oder kuerz: der UDSSR. Ma et ass net vun haut op muer gaangen. Am November 1989 fält d’Berliner Mauer. Am März 1990 erkläert Litauen seng Onofhängegkeet.
Am August 1991 probéiert eng Grupp vu Fonctionnaire vun der Kommunistescher Partei vun der Sowjetunioun, déi sech selwer als “Staatscomité fir den Ausnamezoustand” bezeechent, de Michail Gorbatchow als Präsident vun der Sowjetunioun ofsetzen. De sougenannten “Augustputsch” zu Moskau scheitert.

Den 8. Dezember ’91 schliisslech stellen d’Staatscheffe vu Russland, der Ukrain, a Belarus an de “belowesesche Vereenbarunge” dat vëlkerrechtlecht a geopolitescht Enn vun der Sowjetunioun fest. Gläichzäiteg gëtt ënner eemolege federale Staate vun der Sowjetunioun d’Gemeinschaft vun onofhängege Staate gegrënnt. Do net mat derbäi sinn Estland, Lettland, a Litauen. Schliisslech trëtt de 25. Dezember 1991 de Michael Gorbatchow als leschte Präsident vun der Sowjetunioun zeréck, an aus enger Sowjetunioun gi fofzéng onofhängeg Staaten. De kale Krich hat zanter dem Enn vum zweete Weltkrich d’Weltpolitik bestëmmt. Zwou Supermuechten, zwou Ideologioen, zwee Atomarsenaler.
Elo war eng dervunner einfach fort.

Rieds war vun enger Friddensdividend: Manner Sue fir Waffen, méi fir d’Leit. D’Hoffnung no enger vereenter Welt huet d’Scorpions inspiréiert. 1990 kënnt den Album “Crazy World” eraus, 1991 am Februar d’Single “Wind of Change”. Vum Claus Meine scho 1989 no Concerten zu Leningrad a Moskau komponéiert gëtt “Wind of Change” séier zu enger weltwäiter Hymn.

Politesch war den Ufank vun engem neie Joerzéngt och den Ufank vun enger neier Ära.

© afp

D’Prelüd vum zweete Golfkrich fänkt schonn Enn Mee 1990 un. Den irakesche Präsident Saddam Hussein geheit Kuwait an de vereenegten Arabeschen Emirater Iwwerproduktioun vun Ueleg vir. Fir hien ass dëst eng ekonomesch Krichserklärung un den Irak. Am Juli ’90 fänkt den Hussein un, Truppen un d’Grenz zu Kuwait ze schécken. Am wäissen Haus interpretéiert een dës gewalteg Oprëschtung t’éischt nach als Drockmëttel.

Den 2. August dann awer marschéieren irakeschen Truppen am Kuwait an. D’Reaktioun: eng international Koalitioun ënner Féierung vun den USA. US-Präsident ass zu dësem Moment den George Bush Senior. Säin Haaptberoder a militäresche Froen ass den “Chairman of the Joint Chiefs of Staff”, Colin Powell. An der Nuecht vum 16. op de 17. Januar 1991 start d’Operatioun “Desert Storm”. De Krich selwer dauert nëmmen e puer Wochen. Kuwait gëtt befreit, den Irak militäresch zeréck gedrängt.

Nei ass d’Aart a Weis vun der Berichterstattung. Den zweete Golfkrich ass deen éischte Krich, dee live iwwerdroe gëtt. Korrespondente stinn op Diecher vun Hotelen, am Hannergrond gesäit ee Bommen aschloen. Op CNN kann ee ronderëm d’Auer nokucke wéi Explosiounen op Nuetsiicht-Kamerae gréng flimmeren - t’ass bal wéi an engem Videospill. Iwwerall op der Welt lafen déi nämmlecht, streng kontrolléiert, Biller. De Chaos vum Krich bleift gréisstendeels onsiichtbar. Politik a Medien fänken un ze verschmëlzen, Regierungen erkennen ëmmer méi d’Muecht vun de Biller. Déi sinn zwar live, mee et gesäit ee net alles.

D’Prelüd vum zweete Golfkrich fänkt schonn Enn Mee 1990 un.

© AFP (Archiv)

Stellt Iech vir: et gëtt den Internet, mee kee weess esou richteg wéi een dermadder ëmgeet. Ufank de 90’er Jore sinn Universitéiten, Labo’en, a militäresch Stützpunkte schonn iwwer Computernetzwierker verbonnen. Ma d’Informatioune sinn op verschidde Systemer verdeelt, a fir déi ze benotze muss een en Expert sinn. Fir déi meeschte Leit ass dat Ganzt onsiichtbar.

Am CERN, der europäescher Organisatioun fir Käerfuerschung, probéiert zu dëser Zäit de brittesche Physeker Tim Berners-Lee Informatiounen op Computere méi einfach kënne mateneen ze verbannen. Seng Iddi: Texter sollen sougenannt “Hyperlinke” matenee verknëppt ginn. Per Klick kënnt ee vun engem Dokument op dat nächst. An dat Ganzt soll eben iwwert den Internet goen.

Säi Projet nennt de Berners-Lee „World Wide Web“. 1990 entsteet den éischte Webserver. Den Tim Berners-Lee programméiert deen éischte Browser a schreift déi éischt Websäit vun der Welt. Op “info.cern.ch” gëtt erkläert wat de World Wibe Web ass, a wéi een e benotzt.

De 6. August 1991 dann gëtt dës Säit - ganz ouni Tamtam - ëffentlech online. 1993 gëtt den CERN d’Web-Technologie offiziell fräi: ouni Patent, ouni Taxen.

Wat an de 60er a 70er Joren - am Optrag vum amerikanesche Verdeedegungsministère - als ARPANET ugefaangen huet, verléisst 1991 de Labo a gëtt fir jiddereen zougänglech.

De World Wide Web geet online a leet de Grondsteen fir eng global Informatiounsrevolutioun.

E Joer dat net nëmme musikalesch vill ze bidden hat, och technologesch gouf et Fortschrëtter.

Back to Top
CIM LOGO