Schonn um 1 Auer Mëttes sinn um Freideg d'Diere vum LOA, dem gréissten Electronic Dance Music-Festival zu Lëtzebuerg, opgaangen.
D'Place de l'Académie um Belval huet sech séier mat Kolleegen, Famillen a Fans aus dem Grand-Duché an der Groussregioun gefëllt.
Um LOA spillen och dëst Joer nees grouss Nimm aus der nationaler an internationaler Musekszeen. Um Site schafft eng technesch Ekipp vun iwwer 200 Leit, dobäi komme ronn 400 Volontairen.
Iwwert de Weekend gi sech och dëst Joer nees ëm déi 15.000 Leit erwaart, domat ass d'Festivalsaison 2026 dann och definitiv lancéiert.