De Mike Butcher krut d'Musek quasi an d'Wéi geluecht. Säi Papp huet als Museksarrangeur fir eng Londoner Produktiounsfirma geschafft an zanterdeem de Mike 12, 13 Joer al war, huet hie säi Papp an de Studio begleet. Enges Daags hätt hien e jonken Opname-Ingenieur bei der Aarbecht beobacht an du wier d'Decisioun gefall:
"Ech war zimlech schei. Ech hunn deen Typ un der Konsole gesinn – déi waren deemools net grouss. Ech sinn hanner hie gaangen, hunn nogekuckt , mech ëmgedréint an zu mengem Papp gesot: 'Dat wëll ech maachen'."
Schliisslech huet eng Firma, fir déi säi Papp vill geschafft huet, zu London d'"Morgan Studios" opgemaach. De Mike huet doropshin decidéiert, d'Schoul un den Nol ze hänken, fir hei als "Tape operator", also als eng Zort Assistenz-Ingenieur unzefänken.
Wann een un en Ingenieur denkt, dann huet een an der Reegel en zimmlech technescht Beruffsbild am Kapp. Ma wéi de Mike erkläert, wier d'Aarbecht vun engem Opname- respektiv Touningenieur méi ewéi dat. Dat technescht misst zwar klappen, et misst ee wëssen, wéi ee propper ophëlt, wéi ee Mikro ee fir wat benotzt an esou weider. Dat alles géif ee mat der Zäit léieren. Ma et wier virun allem eng kreativ Aarbecht, bei där ee mat de Museker misst schaffen, fir dass si hir Konscht beschtméiglech kéinten ëmsetzen:
"À la base ass et gréisstendeels kënschtleresch. Et geet drëms, mat de Museker ze schaffen. Dat technescht muss do sinn, mä et muss transparent sinn. Et ass net wierklech eng reng technesch Saach, déi s de méchs. Et geet drëms, mat Leit ze schaffen, dofir ze suergen, dass d'Museker sech wuel fillen, Sträit ze stoppen, all méiglech Saachen, déi am Rock and Roll kënne passéieren."
Eng vun den éischte wierklech bekannte Bands, mat deenen de Mike am Studio war, ware "Black Sabbath". An den 1970er Joren huet hien zesumme mat den Heavy-Metal-Pionéier ronderëm de Sänger Ozzy Osbourne an de Gittarist Tony Iommi d'Albumer "Sabbath Bloody Sabbath" a "Sabotage" opgeholl.
D'Band an hir Membere sti quasi sënnbildlech fir de Cliché vu "Sex Drugs and Rock and Roll". Ma huet een dat och beim Ophuelen am Studio matkritt? "Also et ware schonn Drogen am Spill", erkläert de Mike. Ma grad, well hie keng Droge geholl huet, wier d'Band besonnesch frou mat him gewiescht: "Sou konnt ech nämlech weiderschaffen, wéi si alleguer 'out of their minds' waren."
Wéi de Mike mat hinnen am Studio war, wier et awer net alt ze schlëmm gewiescht. Et wier warscheinlech eréischt an de Joren drop méi uerg gi mat den Drogen, virun allem beim Sänger Ozzy Obourne. De Mike huet jiddwerfalls gutt Erënnerungen u seng Zäit am Studio mat de Museker. Si hätte vill Spaass zesumme gehat, ma bei der eigentlecher Aarbecht - dem Aspille vun hiren Instrumenter respektiv dem Asange vun de Lyrics - wieren d'Bandmembere ganz professionell gewiescht. Wa si geschafft hätten, hätte si och wierklech geschafft, och wann dat heiansdo nëmmen zwou Stonnen den Dag war.

Wéi "Morgan" dunn e Studio zu Bréissel opgemaach huet, ass de Mike op Bréissel gaangen, fir hei als Haapt-Ingenieur ze schaffen. An de fréien 1980er Joren huet hie "Morgan" du verlooss, fir am Studio Katy zu Ohain ze schaffen. Hei sollt hien dann och mat der US-Soul-Legend Marvin Gaye dësem säi leschten Album "Midnight Love" ophuelen. De Kontakt zum Kënschtler oder vill méi zu dësem sengem Manager koum iwwer de belsche Sänger Arno zustanen:
"Et gouf e belsche Sänger, deen Arno geheescht huet. Deen ass elo leider dout. Wéi de Marvin op Ostende geplënnert ass - an den Arno koum vun Ostende - hat hien e flämesche Manager. An deen huet den Arno gefrot, ob hien e gudden Touningenieur géif kennen. Deen Ament hat ech scho vill mam Arno zesummegeschafft a si wollten och een, deen Englesch schwätzt, mengen ech. Sou krut ech enges en Uruff: 'Hallo, hei ass dem Marvin Gaye säi Manager.' Ech hu mech nach gefrot, firwat dem Marvin Gaye säi Manager e flämeschen Accent huet. Awer et war wouer. An esou hunn ech ugefaangen, mat him ze schaffen."
Wéi de Mike ugefaangen huet, mam Marvin Gaye zesummenzeschaffen, hunn aner Leit hie gewarnt. Esouguer dem Soul-Sänger seng eege Museker hätte gesot, dass de Gaye e schwierege Charakter wier. "Oh du wäerts wierklech leiden", hu si deemools zu him gesot. Ma witzegerweis hätt hien iwwerhaapt kee Problem mam Sänger gehat, erkläert de Mike. Et wier sécherlech eng schwéier an usprochsvoll Aarbecht gewiescht. De Sänger hätt nämlech eng ganz eege Manéier gehat, fir ze schaffen:
"Et war haart Aarbecht. Et waren zéng Stonnen den Dag. Heiansdo souz ech stonnelaang un der Konsole, ouni mech ze beweegen. Dat war éier et Computere gouf. Ma sou wéi hie geschafft huet, war e bëssen ewéi d'Leit hautdesdaags mat Computere schaffen, awer ebe manuell. Hien huet alles Stéck fir Stéck gemaach. Alles Stéck fir Stéck no an no agespillt. Also wann een dat schwéier nennt, da jo...well hie wollt e gutt Resultat hunn. Awer hie war net...ech hat ni e schlecht Gefill mat him oder soss eppes."
Bal ee Joer war de Mike fir den Album am Studio. Vun Dezember 1981 bis Oktober 1982 hunn d'Aarbechte gedauert. Ma um Enn sollt de Marvin Gaye dem Mike op eng besonnesch Manéier fir seng Aarbecht Merci soen:
"Um leschte Lidd seet hie mir um Album Merci. Dat ass eng witzeg Geschicht, well...ok...du kriss eben e Credit um Album, awer e geschwate Credit ze hunn ass zimmlech witzeg. Ech mengen net, dass iergendeen aneren Ingenieur dat huet, also keen, deen ech kennen. Dat ass mäi klenge 'Claim to fame'."
Um Ufank vum Lidd "My Love is Waiting" huet de Marvin Gaye dem Mike perséinlech Merci gesot:
Dat bekanntste Lidd op "Midnight Love" ass ouni Zweifel "Sexual Healing". Den Ament wéi de Marvin ugefaangen huet, d'Lyrics anzesangen, wier direkt kloer gewiescht, dass et en Hit géif ginn:
"Also d'Lidd gouf Part fir Part opgeholl. Fir d'éischt de Keybord, dann d'Drum Machine, no an no si Saache bäikomm. Et war e flotte 'Backing Track'. Mä natierlech, wéi hie gesongen huet...an dat ass d'Saach mam Marvin. Déi Zäit hu vill Museker den instrumentalen Deel vum Lidd opgeholl an dann hu se e sougenannte 'guide vocal' opgeholl. Da wousst de schonn, wéi d'Lidd wäert kléngen. Hien huet dat net gemaach. Hien huet einfach alleguer 'd'Backing Tracks' opgeholl, de ganzen Album. Op engem Dag ass hien dann einfach an de Studio gaangen an huet gesongen. Bis zu deem Ament hunn ech heiansdo net verstanen, wéi eppes sollt funktionéieren a soubal hie gesongen huet, huet alles Sënn gemaach. A 'Sexual Healing' war...wéi hien ugefaangen huet, dat ze sangen, hunn ech direkt geduecht, dass et enorm gutt wier, an dass et definitiv en Hit wäert ginn."
Iwwer d'Jore stoung de Mike a verschiddene Rollen am Tounstudio, meeschtens entweder als Opname-Ingenieur oder als Produzent. Als Produzent hätt een an der Reegel méi kënschtlereschen Afloss op e Projet. De Mike selwer hätt zum Beispill ganz vill Input fir dem Arno säin Album "À la Française" ginn. De Mike ass awer kee Fan dovun, wann e Produzent enger Band säi Stil wëll opzwéngen:
"Wann ech de Produzent sinn, dann ass de Kënschtler fir mech de Co-Produzent. Et ass hiren Album oder hir Musek, déi si maachen. Meeschtens versichen ech, dat ze schafen, wat si wëllen a si dobäi ze guidéieren."
Am Laf vun de Joren huet sech och d'Aarbecht vum Toun-Ingenieur verännert, wärend fréier nach op physeschem Band opgeholl gouf, ass haut alles digital. Béides hätt Vir- an Nodeeler. Fréier wier alles méi zäitopwänneg gewiescht, dat hätt och en Afloss op d'Konscht selwer gehat:
"Ech gleewe wierklech, dass Albumen, déi an de 70er, 80er an och an de fréien 90er gemaach goufen, net zustane komm wieren, wa se haut opgeholl gi wieren. Du hues d'Saachen nämlech esou dacks missen ophuelen, dass d'Arrangementer sech verännert hunn."
Hautdesdaags géif dogéint jidderee mengen, dass alles direkt misst gemaach ginn. Ma et kéint och ze séier goen an heiansdo géing ee Saachen héieren, bei deenen et sech streng geholl ëm Feeler géing handelen. Dofir wier d'Schneide vill méi liicht ginn. Haut kéint een alles ronderëm beweegen an och dat hätt kënschtleresch Suitten:
"D'Leit adaptéiere sech. Verschiddener notzen dës Technologie artistesch an dat ass an der Rei."
Ënnert dem Stréch kéint ee soen, dass fréier vill méi Zäit mam Ophuele verbruecht gouf, wärend haut méi Zäit mam Mësche géif verbruecht ginn.
Ma wat mécht eigentlech e gudden Album aus? Dat ass eng Fro, op déi et fir de Mike keng einfach Äntwert gëtt. Hie selwer géif vill verschidde Saache lauschteren. Hie wier e grousse Fan vu Steely Dan, esouwuel vum Klang, wéi och vun der Musek, ma och Nirvana géif him gutt gefalen. Ma och verschidde Pop-Lidder, déi een um Radio héiert, géifen him gutt gefalen. Eng Saach kéint hien awer mat Sécherheet soen:
"Ech si kee Musek-Snob. Dat ass dat eenzegt, dat ech ka fir mech beusprochen. Wa Musek ee glécklech mécht, dann ass et an der Rei. Dat ass meng Philosophie."
Hei zu Lëtzebuerg schafft de Mike aktuell vill u Film-Projeten. Dat hätt haaptsächlech finanziell Grënn. Wärend d'Budgeten an der Museksbranche ëmmer méi kleng ginn, bedeit en Optrag beim Film deemno wéi bis zu dräi Méint Aarbecht.
Och an der Lëtzebuerger Musekszeen hätt de Mike ëmmer nees mat Leit zesummegeschafft, déi hie beandrockt hunn. An de spéiden 1990er a fréien 2000er hätt hie vill mam Serge Tonnar gemaach. Ma och mam Jang Linster hätt hie vill Saache gemaach. Just zu enger Zesummenaarbecht mam Fausti sollt et ni kommen, och wann de Mike an hie sech gutt kannt hunn.
Rezent huet hien da vill mat der Sängerin Nelly Pereira geschafft, an déi hätt hie wierklech beandrockt: "Si ass eng absolut fantastesch Sängerin. Absolut eng vun deene beschten, mat deenen ech a mengem Liewe geschafft hunn."
De Mike ass jiddwerfalls ganz optimistesch, wat d'Lëtzebuerger Musekszeen an hir Zukunft ugeet.