Grammy-, Oscar- an Nobelpräis-GewënnerD'Musekslegend Bob Dylan kritt 85 Joer

RTL mat AFP
Gefeiert, an awer kontrovers. De Bob Dylan gehéiert zu de legendäerste Museker op der Welt.
De Bob Dylan bei engem Concert am "Pavillon de Paris" de 5. Juli 1978.
De Bob Dylan bei engem Concert am "Pavillon de Paris" de 5. Juli 1978.
© CHRISTIAN ROSE/Roger-Viollet via AFP

Hie gëllt als ee vun den aflossräichste Sänger a Songwriter op der Welt an ass och nach am héijen Alter reegelméisseg op Tuer. Dëse Sonndeg feiert de Bob Dylan säi 85. Gebuertsdag. Schätzungsweis huet hien iwwer 125 Milliounen Albe verkaf a fir seng iwwer 600 Lidder krut hien eng grouss Unzuel un Auszeechnungen. An awer gëllt ëmmer: De Bob Dylan ass rätselhaft a just schwéier ze duerchkucken.

Hie gëllt als Protestsänger, Legend, Rockstar a Propheet. U sech gëtt et keng Etikett, déi net op de Bob Dylan ka gepecht ginn. An trotzdeem huet hien et ëmmer ofgeleent, sech festleeën ze loossen. Sief et privat oder politesch, mä virun allem kënschtleresch.

"I'm a man of contradictions, I'm a man of many moods, I contain multitudes", also esou vill wéi "Ech sinn e Mann voller Widderspréch, ech sinn e Mann mat ville Stëmmungen, a mir stieche vill Facetten", séngt de Bob Dylan a sengem leschte Studioalbum "Rough and Rowdy Ways". D'Lidd koum 2020 eraus.

De Bob Dylan gehéiert wéi d'Rolling Stones zu där Gard vu Museker, déi einfach ëmmer weidermaachen. Kuckt ee sech awer all déi aner Museker aus senger gefeierter Generatioun un, gehéiert hie wuel zu deenen, deem säi Succès aus fréieren Deeg hien am mannsten interesséiert. Nach haut kann een ni genee am Virfeld soen, wat een um Concert vum Bob Dylan kann erwaarden. Sollt hien dann och emol seng Klassiker auspaken, esou huet hien déi awer dacks ugepasst.

"Meng Lidder si meng perséinlech Musek - et ass kee gemeinschaftlecht Evenement", sot hien emol géintiwwer dem Magasinn "Rolling Stone". "Ech schreiwe keng Lidder fir d'Lagerfeier". Fir ee Museker, deem seng Lidder bis haut gären op enger Grillparty gespillt ginn, verwonnert dës Ausso e bëssen. Awer de Bob Dylan war schonn ëmmer e Kënschtler, dee mat Bréch a Wendungen opgefall ass.

Als Robert Allen Zimmerman gouf hien de 24. Mee 1941 am US-Bundesstaat Minnesota an eng jiddesch Famill gebuer. Ufank vun den 1960er goung hien op New York an huet do d'Musekszeen a Staune versat. Mat Lidder wéi "Blowin' In The Wind" an "The Times They Are A-Changin" ass hien zu enger Ikon vun der Biergerrechts- a Friddensbeweegung ginn. Awer huet hien ëmmer nees betount, datt hien net de Spriecher vu senger Generatioun wier.

Dono koum de Broch, dat Onerhéiert. Bei engem Festival zu Newport am Joer 1965 huet de Bob Dylan eng elektresch Gittar mat op d'Bün bruecht a gouf vu senge Fans ausgebut. Him war dat egal, well mat deem Schratt ass hie vum Folkmuseker zum Folk-Rock-Museker ginn. Seng Lidder wéi "Like A Rolling Stone" gëllt nach aus als ee Meeschterwierk vu senger Zäit.

E schwéiere Motorradsaccident am Joer 1966 huet de Bob Dylan gezwongen, eng Paus anzeleeën. An och seng Alben, déi dono erauskoumen, koumen net un den Niveau vu virdrun erun. An awer koume Klassiker wéi "Knockin' on Heaven's Door" oder "All Along the Watchtower" dobäi eraus. Béides Lidder, déi dacks gecovert goufen.

Deen nächste Schock koum dunn an de 70er Joren. De Bob Dylan huet sech nämlech als "neigebuerene Christus" bezeechent an huet deementspriechend och en neien Album erausbruecht. Un dës Zäit erënner de Gospelsong "Gotta Serve Somebody", fir deen hien 1980 och säin zéngte Grammy krut. Am Joer 2001 krut hie fir "Things Have Changed" esouguer en Oscar.

2016 krut hien dunn nach als éischte Museker iwwerhaapt de Literatur-Nobelpräis, well hien der Jury no "an der grousser amerikanescher Liddertraditioun nei poetesch Ausdrocksforme geschaaft huet". Et hat awer sechs Méint gedauert, bis hien dës Éierung ugeholl hat. Hanner zouenen Dieren.

Seng mysteriéis Aart steet dann och am Zentrum vum biographesche Film "A Complete Unkown", deen 2024 erauskoum an an deem den Acteur Timothée Chalamet de Museker spillt. Dora gëtt och seng Bezéiung zu der Folk-Legend Joan Baez beliicht. Ma amplaz d'Baez ze bestueden, huet den Dylan kuerz drop zwou aner Fraen bestuet, mat deenen hien och sechs Kanner hat. Säi Fils Jakob Dylan, deen 1969 op d'Welt koum, ass selwer Museker an hat och domadder scho Succès.

A ville vu senger Lidder beschäftegt sech de Bob Dylan mat der Vergaangenheet. "Ech schlofe mat dem Liewen an dem Doud am selwechte Bett" séngt hien an "I Contain Multitudes". "All mënschlecht Wiesen, egal wéi staark oder mächteg, ass schwaach, wann et ëm den Doud geet", esou de Museker virun e puer Joer an engem Interview.

Als Musekslegend ass de Bob Dylan ouni Zweiwel onstierflech. Dat léist sech och finanziell moossen. Säi Wäert gëtt op 500 Milliounen Dollar geschat. Domadder ass hien de räichste Museker op der Welt.

Back to Top
CIM LOGO