"Saxophone Colossus"Jazz-Legend Sonny Rollins am Alter vu 95 Joer gestuerwen

AFP, iwwersat vun RTL
Am Alter vu 95 Joer ass d'US-Jazzlegend Sonny Rollins gestuerwen.
Im Alter von 95 Jahren ist die US-Jazzlegende Sonny Rollins gestorben. "Mit tiefer Trauer und inniger Liebe geben wir das Ableben von Sonny Rollins bekannt", hieß es auf der Online-Seite des weltweit bekannten Künstlers.
Am Alter vu 95 Joer ass d'US-Jazzlegend Sonny Rollins gestuerwen.
© AFP/Archiv

"Mat déiwer Trauer a Léift gi mir den Doud vum Sonny Rollins bekannt", huet et e Méindeg um Online-Site vun dem weltwäit bekannte Kënschtler geheescht. De Rollins wier am Nomëtteg a sengem Haus zu Woodstock am US-Bundesstaat New York gestuerwen.

De Rollins huet sech am Laf vu senger Karriär de Spëtznumm "Saxophone Colossus" (Saxofon-Koloss) verdéngt. Dat war och den Titel vu sengem Album vun 1956, op deem eent vu senge bekanntste Lidder ze fannen ass: "St. Thomas". 

Nieft senger Leidenschaft fir den Jazz huet de Rollins sech och fir Yoga begeeschtert. Seng Übungen hätten him gehollef, sech vun Drogen an Alkohol fortzehalen, sot hie virun 10 Joer der Noriichtenagence AFP zu New York. De Rollins war als jonke Mann heroinsüchteg a war och eng Zäit laang ee Sans-abri.

Back to Top
CIM LOGO