
Ee Lëtzebuerger Produzent gëtt mam Hollywood Music Video Award ausgezeechent. Wéi d’Lëtzebuerger Wort e Méindeg de Moie schreift, krut de Fabien Colas e Sonndeg den Owend direkt zwee Präisser fir seng Aarbecht un engem Videoclip zum Lidd “NUEVAYoL” vum US-amerikaneschen Artist Bad Bunny. Hie krut de Präis fir de beschte “Latin"-Museksvideo a fir déi bescht Cinematographie, zesumme mam Malcom Duncan, mat deem hien an der Produktiounsfirma Virgin Soil Pictures. D’Regie hat d’Renell Medrano.
De Fabien Colas sot an engem Interview no der Präisiwwerreechung, d’Aarbecht um Video wier de spannendste Projet aus dem leschte Joer - wann net souguer iwwerhaapt - gewiescht. Si hätte sech och onheemlech mam politesche Message identifizéiert, deen am Lidd enthalen ass.
Am Podcast 35M huet de Fabien Colas 2024 iwwert seng Aarbecht als Produzent geschwat: