Politesch Néierlag fir den Donald TrumpWieler am Bundesstaat Virginia stëmme fir en Nei-Zéie vun de Walbezierker

RTL mat AFP
Am Virfeld vun den Tëschewalen, de sougenannte Midterms huet den US-President Donald Trump eng politesch Néierlag mussen astiechen.
Den US-President huet am Virgina eng politesch Néierlag agestach.
Den US-President huet am Virgina eng politesch Néierlag agestach.
© ALEX WONG/Getty Images via AFP

Am Bundesstaat Virginia hunn d’Wieler sech an engem Referendum dofir ausgeschwat, d’Walbezierker am Bundesstaat nei ze zéien. Eigentlech ginn d’Walbezierker an den USA all zéng Joer nei gezunn. No all Vollekszielung gi se ugepasst, fir dass an all Bezierk méiglechst d’nämmlecht vill Leit liewen. Dat ass fir d’nächst 2030 de Fall. Ma d’Awunner vum Virginia hu sech en Dënschdeg dofir ausgeschwat, dass d’Autoritéiten an hirem Bundesstaat dat schonn dëst Joer dierfe maachen.

En Nei-Zéie vun de Walbezierker am Virginia kéint den Demokrate véier zousätzlech Sëtz am Representantenhaus zu Washington D.C. abréngen. Hei hunn d’Republikaner am Moment eng knapp Majoritéit vun dräi Sëtz. Sollt d’Majoritéit am Haus no de Midterms am November wiesselen, géif dat et dem Donald Trump et méi schwéier maachen, seng politesch Agenda ëmzesetzen.

An den USA versiche béid grouss Parteien, also d’Demokraten an d’Republikaner, d’Walbezierker esou ze zéien, dass et hinne bei de Walen e Virdeel bréngt. D’Bezierker ginn zwar op der Basis vun den Donnéeë vun der leschter Vollekszielung gezunn, ma d’Decisioun doriwwer, wéi d’Bezierker um Enn ausgesinn, fält um Niveau vun de Bundesstaaten. An deene meeschte Bundesstaaten decidéiert d’Legislativ, also d’Representantenhaus an de Senat, vum Bundesstaat doriwwer, wéi eng Form déi eenzel Walkreesser hunn. Dës Decisioun muss an deene meeschte Fäll vum Gouverneur approuvéiert ginn. An der Praxis bedeit dat meeschtens, dass déi Partei, déi an engem Staat d’Majoritéit huet, d’Bezierker esou zitt, dass si bei Walen op nationalem Niveau e méiglechst grousse Virdeel huet.

Back to Top
CIM LOGO