Interview mam Pianist Peter SavenbergMat Musek Rou an eng hektesch Welt bréngen

Pierre Weimerskirch
De Pianist a Komponist Peter Savenberg huet e Mëttwochowend an der Abtei Neimënster am Gronn gespillt. Am Interview schwätzt hien iwwer säi musikalesche Wee, seng Inspiratioun a seng Missioun, mat Musek Rou an eng hektesch Welt ze bréngen.

Fir de Peter Savenberg ass de Gronn eng perfekt Plaz fir e Concert. D’Atmosphär, d’Architektur an de Klang vum Instrument, alles passt zesummen.

Vun der Trompett bei de Piano

Als Teenager war säin Haaptinstrument d’Trompett. Hien huet all Dag gespillt an och an Orchestere matgewierkt. De Piano war zwar present, mee éischter am Hannergrond. Dat huet sech 2020 geännert, wéi d’Orchesteren duerch d’Pandemie hu missen ophalen. Hie gouf nees staark vum Piano ugezunn an huet ugefaangen, selwer ze komponéieren.

“Et huet sech direkt ganz natierlech an intuitiv ugespuert.“

D’Trompett huet seng Manéier ze komponéiere kloer gepräägt. Si ass e melodescht Instrument, dacks mat enger signaléierender Roll am Orchester. Dësen Afloss héiert een och a senge Pianosstécker: kloer Melodien, rhythmesch Figuren an eng staark thematesch Linn stinn am Mëttelpunkt. Net Virtuositéit oder Vitess sti fir hien am Vierdergrond, mee d’Gefill.

© Pierre Weimerskirch

Musek als Invitatioun fir méi Rou

An enger Zäit, déi vu Schnellliewegkeet a permanenter Reizflut gepräägt ass, gesäit de Museker seng Aufgab anescht.

“Meng Missioun ass et, de Leit ze hëllefen, Rou an eng hektesch Welt ze brengen.“

Virun engem Concert bereet hie sech bewosst mat Otemübungen a Meditatioun vir. Hie wëll selwer zur Rou kommen, fir dës Stëmmung och op de Public ze iwwerdroen.

© Pierre Weimerskirch

Back to Top
CIM LOGO