KI an der Musek (1/2)Wie komponéiert a séngt d'Lidder vu muer?

Chris Meisch
Kënschtlech Intelligenz gëtt ëmmer méi en Thema an eiser Gesellschaft – net nëmmen an der Industrie oder an der Wirtschaft.
© WLADIMIR BULGAR/SCIENCE PHOTO LI/Science Photo Library via AFP

Och kreativ Beräicher, wéi déi vum Kënschtler, Dichter a Museker, déi laang als reng mënschlech Domän gegollt hunn, gi mëttlerweil vun der kënschtlecher Intelligenz eruewert.
Déi technesch Hürde sinn niddereg a musikalesch Virkenntnesser net méi onbedéngt néideg, fir selwer Musek ze produzéieren. De Chris Meisch mat engem Bléck op déi technologesch Entwécklung a kreativ Méiglechkeete vun der kënschtlecher Intelligenz.

KI an der Musek (1/2) Reportage: Chris Meisch

Et kléngt no Mënsch, no Gefill, no Kreativitéit. An dach ass Lidd, dat Dir an der Audioversioun vun dësem Reportage héiert, net vun engem Museker komponéiert oder gesonge ginn, mee vun enger kënschtlecher Intelligenz, déi ech selwer mat Informatioune gefiddert hunn. Dofir muss ee weder en Expert nach een Informatiker sinn. Hautzedaags ginn et Programmer, déi mat kënschtlecher Intelligenz schaffen, där ee just e puer Stéchwierder oder eng kuerz Beschreiwung muss ginn, wéi d’Musek soll kléngen, mat engem Songtext, an e puer Sekonne méi spéit ass d’Lidd scho fäerdeg. Duerch déi einfach an intuitiv Benotzeruewerfläch kann hautzedaags all Mënsch ouni grouss Virkenntnesser selwer Musek mat Hëllef vun esou Programmer erstellen, wéi de Luis Leiva, Fuerscher am AI Lab vun der Uni Lëtzebuerg erkläert.

“Fréier waren d’Outilen an d’Technik, déi mir haten, net esou professionell, net esou realistesch. An elo schreift een einfach an engem Textfeld, wat ee vun der KI gär hätt, dréckt dann op e Knäppchen, an duerno kritt een eppes eraus. Wéi Dir gesitt, mécht dat et fir de Benotzer immens einfach, sou datt jiddereen dat maache kann.”

Selwer tëscht kënschtlech generéierter Musek, a Musek vu Mënschen ze ënnerscheeden ass och effektiv net esou einfach. An der Zukunft, a mat enger KI déi vun Dag zu Dag ëmmer besser gëtt, wäert dat och net méi einfach ginn. Eng Ipsos-Etude, déi am Hierscht an 8 verschiddene Länner op der Welt gemaach gouf, weist, datt 97 Prozent vun den 9.000 Befroten, net ënnerscheede kënnen, ob e Lidd vu Mënschen oder enger KI produzéiert gouf.

Eppes wat d’KI bis ewell nach vu Mënsche gemaachener Musek ënnerscheet, sinn d’Otempausen an déi kleng Onreegelméissegkeeten, déi beim Mënsch entstinn, wärend KI all Toun präzis a bal ze perfekt trëfft. Dat kéint d’KI, sou de Francesco Ferrero, Responsabele fir d’Recherche iwwer kënschtlech Intelligenz beim LIST, dem Institut fir Science an Technologie, an Zukunft awer och nach léieren. D’Systemer ginn ëmmer méi geziilt dorop trainéiert, mënschlech Imperfektiounen anzebauen. An da gëtt et ëmmer méi schwéier tëscht kënschtlech generéierter Musek, a Musek vu Mënschen ze ënnerscheeden.

Aujourd’hui, c’est encore possible de détecter une musique qui est générée par l‘IA, mais ça devient de plus en plus difficile. Ma prévision c’est que ça deviendra impossible très bientôt, comme vous ne savez pas vraiment aujourd’hui détecter si un texte est généré par un humain ou par ChatGPT ou Google Gemini.“

Op der Streamingplattform Spotify ginn et mëttlerweil eng Dose Profiller vu KI-generéierte Kënschtler, also Musek a Charakteren, déi komplett vu kënschtlecher Intelligenz erstallt goufen, déi all Mount Millioune Streams erreechen. KI-generéiert Musek ass domat schonn haut en Deel vum Museksmarché, dee sech ëmmer méi am Mainstream etabléiert. Der KI generéierter Musek si bal keng Grenze gesat. Mat där Entwécklung ginn awer och nei Froen iwwer Transparenz, Kreativitéit, Auteursrecht an d’Roll vum mënschleche Schafen an der Musek, ëmmer méi relevant.

Méi dozou gëtt et an engem weidere Reportage um 9.40 Auer an deem mir op d’KI an der Musek aus der Siicht vu Kënschtler an dem Auteursrecht aginn.

Back to Top
CIM LOGO