Coupe am FuttballDéifferdeng eliminéiert Stroossen no geckeger Verlängerung, Biissen schockt Munneref an Nospillzäit

Jeff Birsens
Duerch zwee Goler an der Nospillzäit huet Biissen de Munnerefer den Ticket fir d'1/4-Finallen nach spéit aus der Hand gerappt. Och Déifferdeng konnt de Match géint Stroossen direkt zwee Mol dréinen an no enger Verlängerung mat am Ganze fënnef Goler wannen.
© Val Wagner

E Mëttwoch den Owend goufen an der Coupe de Luxembourg all aacht 1/8-Finalle gespillt.

Eliminéiert gouf dobäi op dramatesch Aart a Weis d’UNA Stroossen mat enger 3:4-Defaite no Verlängerung géint den Titelverdeedeger Déifferdeng. Zu Uewerkuer war et no enger éischter Hallschent, an där Déifferdeng vill de Ball hat a Stroossen op Konterchancë gelauert hat, ouni Goler an d’Paus gaangen. Kuerz nom Säitewiessel ass Stroossen dann awer den 1:0 duerch den Nogueira Albuquerque gelongen. Laang huet et no enger méiglecher Victoire fir de Gaascht ausgesinn, ma duerch e Gol vum Andreas Buch an der 82. Minutt ass et dann awer nach an d’Verlängerung gaangen, wou Déifferdeng duerch ee weidere Gol vum Däitschen a Féierung goe konnt. Domat war d’Saach awer nach laang net giess. Duerch d’Goler vum Tim Hall an Amine Zenadji an der 107. an 111. Minutt konnt Stroossen de Match fir d’éischt nees dréinen, éier de Pedro Costa an der 115. Minutt op en Neits egaliséiere konnt. D’Schlusswuert an enger geckeger Verlängerung hat dann de Boris Mfoumou mam decisive 4:3 an der 119. Spillminutt.

Dann huet Biissen duerch zwee Goler an der Nospillzäit de Match nach gedréint a mat 2:1 géint Munneref gewonnen. No enger ausgeglachener Ufanksphas hat no enger gudder hallwer Stonn e Fräistouss fir d’Féierung vun de Gäscht gesuergt. Iwwer Ëmweeër hat de Ball de Wee bei de Baal fonnt, dee vum Bord vum Strofraum ofgezunn an dem Golkipp keng Chance gelooss huet. Biissen war trotz dem Géigegol och am zweeten Duerchgang weider am Match a konnt den Drock op hire Géigner héich halen. Si hu bis zum Schluss net opginn an duerch eng verréckt Nospillzäit mat zwee Goler bannent zwou Minutten de Munnerefer den Ticket fir d'1/4-Finall awer nach aus der Hand gerappt.

Am Duell tëscht béiden Ekippen aus der Éirepromotioun konnt d’US Feelen da mat 1:0 géint Steesel wannen. Donieft gouf et nach eng 2:0-Victoire fir Rodange géint Luxembourg City, Nidderkuer konnt sech mat 1:0 zu Wolz duerchsetzen a Mamer huet mat 2:3 géint Rouspert de Kierzere gezunn. Fir eng Iwwerraschung huet dann d’Fola gesuergt, déi Hueschtert trotz engem Réckstand nach mat 3:1 eliminéiere konnt. Eng Decisioun an der Verlängerung gouf et dann nach an der Stad, wou de Racing mat 3:2 géint Kanech gewonnen huet.


Den Iwwerbléck vun de Resultater

Back to Top
CIM LOGO