Wéinst E-Mail un d'PressWiessel am Conseil des gouverneurs vun der Uni Lëtzebuerg

Michèle Sinner
Den externen Audit, deen d’Uni an Optrag gëtt, riskéiert weider Kriticken op sech ze zéien.
© RTL

De Ludger Wirtz ass aus dem Conseil des gouverneurs vun der Uni Lëtzebuerg zeréckgetrueden. De Léon Diederich, Regierungskommissär bei der Uni, confirméiert dës Nouvelle vun der Luxembourg Times. Hie confirméiert och, datt dës Demissioun mat enger E-Mail zesummenhänkt, déi de Ludger Wirtz un d’Luxemburger Wort geschriwwen hat, fir der Zeitung hir Couverture vun de Virgäng op der Uni ze kritiséieren. Doran hat hien ënnert anerem vu frustréierten Eenzelfäll op der Uni geschriwwen.

Wiessel am Comité de pilotage vum externen Audit

De Ludger Wirtz ass Physiksproff op der Uni a war als ee vun zwee Vertrieder vum Conseil universitaire an de Conseil des gouverneurs, also dem Verwaltungsrot, vun der Uni gewielt. Do war hien RTL-Informatiounen no rezent mat véier anere Gouverneuren an de Comité de pilotage fir den Audit designéiert ginn, deen d’Uni an Optrag gëtt. An dem Comité de pilotage sinn och de Recteur Jens Kreisel an de Regierungskommissär. Dat awer éischter an enger Observateurs-Capazitéit, wéi de Léon Diederich RTL sot. Wéi de Jens Kreisel dësen Audit am Januar der zoustänneger Chamberkommissioun ugekënnegt huet, hunn d’Deputéiert net mat Kritik gespuert. Si hunn d’Onofhängegkeet vum «externen» Audit an Zweifel gezunn, well d’Uni e selwer bezilt an de Cahier de charge geschriwwen huet, un deen den Auditeur sech muss halen. D’Kompositioun vum Comité de pilotage riskéiert elo weider Ugrëffsfläch fir Kritik; wann am Comité de pilotage Leit wieren, déi schonn am Viraus partis pris sinn, géif dat d’Onofhängegkeet vum Audit weider a Fro stellen.

Am Comité de pilotage ass och d’Chercheuse Imen Derouiche. Si ass, wéi de Ludger Wirtz et war, eng Representante vum Conseil universitaire am Conseil des gouverneurs. Hir Wal als Gouverneurin war keen einfache Prozess. Dem Rapport vun der Sitzung vum 7. November 2023 no hat no siwe Waltier kee Kandidat/in genuch Stëmmen. Doropshin war eng Diskussioun entstanen, bei där d’Studentevertrieder erkläert hunn, si wiere vun der Fakultéit fir Droit, Economie a Finanzen (FDEF) kontaktéiert a gefrot ginn, fir d’Imen Derouiche ze wielen. D’Wuertmeldung vum Recteur an der Suite hu verschidde Leit als «rosen» oder «bedreelech» ëmfonnt.

Doyenne vun der FDEF huet versicht, Walen ze beaflossen

Am Rapport vun der Reunioun, dee finalement festgehale gouf, stoung «[de Studentevertrieder, ndlr] mentionne que les trois représentants des étudiants présents à la réunion se sont abstenus de voter pour Mme Derouiche parce qu’un membre du corps académique de la faculté FDEF leur a demandé de soutenir cette candidate. Le recteur rappelle que la faculté ne peut être représentée que par son doyen, présent à cette séance et qui, à sa connaissance, n’a pas donné de consigne de vote. Ce que la doyenne de la faculté FDEF [Katalin Ligeti, ndlr] confirme. »

Ma Kommunikatiounen, vun deenen RTL Kopië gesinn huet, weisen, datt d’Katalin Ligeti selwer an iwwert eng anert Professesch, déi an hirer Plaz geschwat huet, d’Studenten kontaktéiert a versicht huet, Afloss op d’Walen ze huelen. Si hat de Studenten d’Imen Derouiche als Kandidatin vun der Fakultéit presentéiert, déi Diversitéit an de Conseil des gouverneurs géing bréngen a méi no un de Studente wier, wéi beim Corps enseignant. Ma wärend de Walen ass de Studente wuel opgefall, datt, anescht wéi hinne gesot gi war, et keng Fakultéitskandidate bei deene Walen géing ginn.

Allerdéngs war d’Imen Derouiche bei der Wal fir de Conseil des gouverneurs ënnert anerem a Konkurrenz mat justement där Kandidatin, déi schonns géint der Katalin Ligeti hire Wëlle fir d’Wale vum Conseil universitaire ugetruede war - an där hir Promotioun refuséiert gouf. Dës Promotiounsprozedur ass eng vu véier, déi den Ament virum Verwaltungsgeriicht contestéiert ginn, wéi RTL Today Uganks leschten November geschriwwen hat. An, déi de Recteur Jens Kreisel an der Chamberkommissioun am Januar mat vermëschten Statistiken erof gespillt huet.

D’Imen Derouiche selwer sot RTL op Nofro, si hätt keng Informatiounen iwwert iergendwellech Demarchë virun de Wale gehat. «Ech war iwwerrascht, wéi d’Studenten dat wärend dem Vote ugeschwat hunn.»

Ministère: Recteur an Doyene solle bei Neiwalen net present sinn

De Conseil universitaire – dat ass eng Zort Assemblée an déi Vertrieder vu Proffen, administrativen Personal a Studenten gewielt ginn - muss elo en neie Vertrieder amplaz vum Ludger Wirtz fir an de Conseil des gouverneurs wielen. Déi nächst regulär Reunioun ass de 24. Mäerz, esou de President vum Conseil universitaire Georg Mein op Nofro. De Regierungskommissär Léon Diederich sot RTL dozou, « datt et wichteg ass, datt just Membres votants deelhuelen. Keng Observateuren », wann de Ramplassang vum Ludger Wirtz gewielt gëtt. Also kee Jens Kreisel oder soss Vertrieder vum Rectorat, keng Doyensen oder Direktere vun interdisziplinären Zentren voire d’Gläichheetsdelegéiert, Skerdilajda Zanaj, déi den oppene Bréif fir d’Ënnerstëtzung vun der Uniscommunautéit promovéiert hat. Si an anerer sinn zwar wéinst hire Positioune Member am Conseil universitaire. Mee si sinn net gewielt an hunn och kee Stëmmrecht.

“Internen Audit” vum Conseil universitaire fäerdeg

An engem Schreiwes un d’Uniscommunautéit huet de Recteur matgedeelt, datt de Conseil universitaire, déi wéi hie seet « onofhängeg Revue » vum Aarbechts- a Studienëmfeld ofgeschloss hätt. D’Resultater sollen op enger Versammlung de 17. Mäerz mat der Communautéit gedeelt ginn. D’Resultater sollen och deenen externen Auditeure kommunikéiert ginn. De Georg Mein sot RTL iwwert dës Revue: «Et ass net esou, wéi wa mer fundamental Mëssstänn fonnt hätten. Mee wann een sech dat genee ukuckt, kann een ëmmer Verbesserungsvirschléi maachen.» Datt d’Resultater vun dësem internen Exercice mat den externen Auditeure solle gedeelt ginn, géif hien net iwwerraschen, esou de Georg Mein. Esou Auditeure géifen normalerweis Zougrëff op alles kréien.

De Conseil des gouverneurs selwer kënnt iwwerdeems dëse Freiden zesummen. De Léon Diederich sot, hie wéilt d’Ëmstänn vun der Wal vun der Imen Derouiche nach emol uschwätzen.

De Ludger Wirtz war weder telefonesch, nach iwwer E-Mail ze erreechen. D’Katalin Ligeti an de Pressebüro vun der Uni wollte sech op Nofro net äusseren.

Back to Top
CIM LOGO