Jean Asselborn iwwer Konflikt am Noen OstenChangement vu Regime duerch Krich hätt nach ni funktionéiert

Diana Hoffmann
Zanter fënnef Deeg ass Krich am Noen Osten. Am Journal huet de fréieren Ausseminister seng Aschätzung zu der Situatioun ginn.
Changement vu Regime duerch Krich hätt nach ni funktionéiert
Zanter fënnef Deeg ass Krich am Noen Osten. Am Journal huet de fréieren Ausseminister seng Aschätzung zu der Situatioun ginn.

D’Argument vun den USA an Israel, d’Attacken op den Iran hätten zum Zil, dass d’Land net an de Besëtz vun Atomwaffe kënnt, kann de Jean Asselborn net novollzéien. Bis 2018 wier schliisslech vun der UNO kontrolléiert ginn, wat den Iran mat dem ugeräicherten Uran géing maachen. Bis den Trump den Accord 2018 “futti geschloen” hätt. Virum Ufank vum Krich wier jo grad och doriwwer verhandelt ginn, dass den Iran nees géing Garantië ginn, fir dass d’Land net an de Besëtz vun Atombomme kéim.

“Den Iran war elo d’accord, fir deen ugeräicherten Uran aus dem Land ze bréngen. Et waren also Unzeechen (fir en Accord) do. An et ass menger Meenung no net wouer an eng Ligen, wann den Trump seet, dass d’Gefor imminent gewiescht wier an dass si géinge vun den Iraner mat Nuklearwaffen ugegraff ginn”, sou de Jean Asselborn.

Nom 8. an 9. Januar 2026 hat déi international Communautéit da kéinten intervenéieren. Do wou Schätzungen no 50.000 friddlech Manifestanten ëmbruecht goufen. “An der Charta vun de Vereenten Natioune steet, dass een an esou Fäll kann intervenéieren”, betount de fréieren Ausseminister. De Conseil de Sécurité misst da säin Accord ginn. 2005 wier dann nach en zweeten Artikel agebaut ginn, deen ëm d’"Responsabilitéit fir ze schütze” géing dréinen. Dësen Artikel hätt een dem Jean Asselborn no evoquéiere kënnen. “Ech ka mer net virstellen, wann dat am Januar gemaach gi wier, dass do am Conseil de Sécurité hätt kënnen een de Veto aleeën”, mengt den LSAP-Politiker. Wann da Russen oder Chinesen dat gemaach hätten, da wier, senger Meenung no, wéinstens de Versuch gemaach ginn, fir beim Internationale Recht ze bleiwen. Et bräicht een internationaalt Recht an Normen, soss géinge mer am Chaos versenken.

Hält de Jean Asselborn e Wiessel vum System realistesch?

Engersäits géing e Wiessel vum System vum Iran vum Iran selwer ofhänken. Ebe wéi vill Potential d’Land hätt, de Krich weiderzefeieren. Awar och dovun, wéi vill Potential d’USA an Israel hätten, d’Attacken ofzewieren. E weidere Facteur wier awer och déi amerikanesch Innepolitik. Wéi geet et weider mat der Inflatioun, dem Präis vun den Eeër, dem Gas an dem Pëtrol?

Fir d’Leit am Iran an an de Länner ronderëm hofft de Jean Asselborn dann, dass ee géing agesinn, dass dëse Krich, wéi all Krich, géing immens vill Affer kaschten. Besonnesch wann et ëm e Changement vun engem Regime soll goen. “Kuckt, wat am Irak geschitt ass 2003, 20 Joer dono ass nach keng Léisung do. Eng Millioun Mënsche si gestuerwen. Mat Kricher e Changement vum Regime hinzekréien, dat huet nach ni funktionéiert. An dat funktionéiert och dës Kéier net”, ënnersträicht de Jean Asselborn. Hie wënscht den Iraner, dass se mat enger Regierung kéinte liewen, déi d’Vollek respektéiert.

Back to Top
CIM LOGO