Rapatriement aus Noem OstenZwee Volle mat Lëtzebuerger um Findel gelant

RTL Lëtzebuerg
De Rapatriement vu Lëtzebuerger aus dem Noen Osten ass ugelaf: en éischte Vol ass en Donneschdeg kuerz viru 14 Auer gelant, en zweete koum géint 18.30 Auer un.
Wat soen d'Passagéier iwwer hir Erliefnisser am Noen Osten?
En Donnechdeg ass den éischte Fluch mat Rapatriementer gelant.

De Rapatriement vu Lëtzebuerger aus dem Noen Osten ass ugelaf. En Donneschdeg hu sech ee Luxair-Vol an en Charter-Vol vun der Regierung, mat alles an allem 200 Passagéier u Bord, op de Wee op Lëtzebuerg gemaach. Dat confirméiert d’Regierung an engem Communiqué en Donneschdeg de Moien.

Deen éischte vun dëse Vollen ass mat 97 Passagéier um 13.50 Auer um Findel gelant. Deen zweete Vol mat 104 Passagéier, dorënner néng Kanner, war géint 18.45 Auer op Lëtzebuerger Buedem.

Am Gespréich mat RTL erzielt de de Jean-Paul Bleser, dee Ronn 36 Stonnen ënnerwee war, wéi et vun Dubai fir d’éischt mam Bus an den Oman gaangen ass, fir vun do aus mam Fliger mat engem Tëschestopp zu Kairo op Lëtzebuerg ze kommen: “Et ass eng intensiv Erfarung, wou een am Fong net mengt, dass ee se eng Kéier maache géif, bei enger Regioun ze sinn, wou een et d’Knuppen héiert lénks a rieds, et héiert een et aus de Medie respektiv gesäit een et an de Filmer, mee fir et eng Kéier esou ze erliewen, dat ass awer trotzdeem net ganz schéin. Hei kritt ee jo dann och d’Messagë vum Lëtzebuerger Staat, wou ee weess eigentlech meeschtens, datt et ee Message ass, deen en Test mécht. Mee et ass scho komesch, wann een an der Nuecht erwächt gëtt mat engem Message an et weess een, dass ee muss erof an d’Lobby.”

Weider Reaktiounen um RTL-Mikro:

Éischt Reaktioune vun de Lëtzebuerger um Findel / Rep. Pit Everling

Ee Vol war scho géint 18.30 Auer e Mëttwoch den Owend am Oman gestart an huet en Tëschestopp an Ägypten gemaach. D’Leit goufen an Hoteller ënnerbruecht, fir da vun do weider op Lëtzebuerg kënnen ze reesen.

E Fliger aus der MRTT-Flott ass aktuell zu Hurghada a wäert op Maskat fléien. Och d’Luxair huet e weideren non-kommerzielle Vol zu Hurghada stoen, deen och am Laf vum Dag an den Oman wäert fléien.

De geneeë Plang, wie wéini kann heembruecht ginn, hänkt natierlech vun der genereller Sécherheetssituatioun of. De Krich bleift weiderhi voll amgaang.

Éischte Vol mat Lëtzebuerger um Findel gelant.
En Donneschdeg um kuerz viru 14 Auer ass den éischte Vol mat rapatriéierte Lëtzebuerger um Findel ukomm.

Koordinéiert Efforten

Den Ausseminister Xavier Bettel huet en Donneschdeg de Moien, kuerz virum Depart mat der groussherzoglecher Koppel op Madrid, och weider Zuele kënne nennen: 132 Lëtzebuerger wieren aktuell an Hoteller zu Maskat am Oman ënnerbruecht, 140 Leit wieren op der Grenz.

De Xavier Bettel zu der Situatioun vun de Rapatriement aus Noem Osten.
Mëttlerweil si schonn zwee Luxair-Vollen, mat alles an allem 200 Passagéier u Bord, um Wee op Lëtzebuerg.

Da lafen awer och weider Gespréicher, notamment mat der Belsch, fir weider Rapatriementer.

Flich zeréck op Lëtzebuerg - Xavier Bettel

Den Ausseminister huet vu chaoteschen Zoustänn geschwat. Virun allem op der Grenz fir an den Oman eran. D’Leit géifen opgefuerdert ginn, fir extra Taxen ze bezuelen, fir iwwerhaapt an d’Land däerfen eran. Do géife Leit probéieren, an esou Situatiounen och nach Suen ze maachen, bedauert de Xavier Bettel.

Och um Flughafen vu Maskat géifen deels chaotesch Zoustänn herrschen. Leider wéisst en nach ëmmer net, wéi den internationale Flughafen vun Dubai nees kéint opgoen, dofir hätt een déi dote Léisungen decidéiert, fir d’Leit eebe sou séier wéi méiglech Heem ze bréngen.

Bei Rapatriementer iwwerhëlt d’EU bis zu 75 Prozent vun de Käschte vun engem Fluch, wann op d’mannst 30 Prozent vun de Sëtzplaze fir Bierger aus aneren EU-Länner ugebuede ginn. Lëtzebuerg wëll och bei dëser Initiativ matmaachen.

Back to Top
CIM LOGO