Galerie Artskoco10 Joer koreanesch Konscht zu Lëtzebuerg

Isabelle Gillen
D'Galerie Artskoco um Belair feiert 10 Joer mat enger Restrospektiv-Ausstellung.
Artskoco um Belair feiert 10 Joer
D'Galerie feiert mat enger Restrospektiv-Ausstellung. 27 Wierker vu 27 Kënschtler ginn an deem Kader gewisen.

Et gi 27 Wierker vu 27 Kënschtler gewisen. Nach net dacks war d'Galerie esou voll mat ënnerschiddleche Konschtwierker, wéi elo. Déi grouss Retrospektivausstellung soll weisen, wat déi koreanesch Konscht alles ze bidden huet a mat wéi ville Kënschtler Artskoco schonn iwwert d'Joren zesummegeschafft huet.

Am September 2016 hunn d'Orie an de Christophe Duplay d'Galerie zesummen gegrënnt. D'Galeristin Orie Duplay, déi selwer aus Südkorea kënnt, reest nach all Joer e puermol zeréck a sicht op Konschtfoirë no neie Kënschtler a Kënschtlerinnen, déi si zu Lëtzebuerg ausstelle kann:

"Je suis arrivé au Luxembourg et j'ai vu le besoin de la culture coréenne au Luxembourg, parce qu'il y a beaucoup de coréens adoptés et des anciencs combattants de la guerre de corée. Il n'y avait pas grand-chose, qui représentait la corée, ici."

Virun 10 Joer wier et zu Lëtzebuerg nach keng grouss Offer u koreanescher Kultur ginn an dat wollt d'Koppel mat hirer Galerie änneren.

An der Retrospektivausstellung erkennt een, dass déi koreanesch Konscht dacks op alen Traditioune baséiert, oder duerch opwänneg Technike gepräägt ass, erzielt de Galerist Christophe Duplay:

"On voit des styles très différents, avec certains qui s'inspirent de la culture bouddhiste, d'autres qui inventent des modes de pinture et souvent, qui créent leurs propres pigments, leurs propres peintures, leurs propres médiums."

Bis de 25. September huet een d'Méiglechkeet, d’Wierker an d'Galerie Artskoco um Belair kucken ze goen. D'Galerie ass awer och soss am Joer fir Visiteuren op an huet och dëst Joer nees e Stand op der Luxembourg Art Week am November.

Back to Top
CIM LOGO