D'Resolutioun vun der grénger Deputéiert Djuna Bernard, déi méi Transparenz an der Chamber gefuerdert huet, gouf iwwerdeems net ugeholl.

De Kulturminister Eric Thill reagéiert e Mëttwoch an enger schrëftlecher Äntwert op d’Reprochen den Dag virdrun an enger Froestonn an der Chamber vun der grénger Oppositiounsdeputéierter Djuna Bernard, dat an der Affär ronderëm d’Demissioun vum fréiere President vum Mudam Patrick Majerus.

D'Djuna Bernard reprochéiert dem DP-Politiker, d’lescht Woch an der zoustänneger Kulturkommissioun vun der Chamber gelunn ze hunn, wéi et ëm de Récktrëtt vum fréiere President an ëm Mëssstänn am Musée gaangen ass. Den Eric Thill hat do gesot, de Patrick Majerus hätt explizitt gefrot, datt säin Demissiounsbréif net géif public gemaach ginn. Dem Djuna Bernand no wier dat awer net wouer, au contraire, de fréiere President hätt dem Minister autoriséiert, dee Bréif ze publizéieren. Ob de Kulturminister "e kalbliddege Ligener" wier, hat si doropshi gefrot a betount, datt d'Chamber sech net dierft vun der Regierung op der Nues ronderëmdanze loossen.

An enger grénger Resolutioun sollt den Eric Thill dann och op d'Fanger geklappt kréien. Esou sollt hie vun der Chamber ënnert anerem drun erënnert ginn, "qu’il est inadmissible qu’un membre du Gouvernement formule des déclarations inexactes devant la Chambre, car cela entrave la capacité des Député.e.s à exercer leur mission de contrôle et compromet la confiance dans les institutions démocratiques" an "que la transparence et la sincérité dans la communication avec la Chambre sont des piliers essentiels d’une démocratie fonctionnelle."

Déi Resolutioun gouf e Mëttwoch an der Mëttesstonn mat de Stëmme vun der Majoritéit verworf: 25 Stëmme waren derfir, 35 waren der dergéint.

Kuerz drop huet de Kulturminister via Schreiwes op d'Lige-Virwërf, déi en Dënschdeg an der Chamber gemaach goufen, reagéiert. Hie wier zu all Moment éierlech gewiescht an hätt zu kengem Moment gesot krut, den Demissiounsbréif vum fréiere President kéint verëffentlecht ginn. Hien hätt déi Informatioun en Dënschdeg fir d'éischt héieren. D'Kommissioun sollt de Bréif deemno och elo zougestallt kréien.

RTL publizéiert d'Schreiwes vum Patrick Majerus vum Januar 2025 heidrënner.

RTL

D'Demissiounsschreiwes vum Patrick Majerus vum 21. Januar 2025

Am RTL-Interview preziséiert den Eric Thill e Mëttwoch am Nomëtteg, de Patrick Majerus hätt hien an engem Gespréich ënner véier Ae gefrot, dee Bréif net ze verëffentlechen.
 
“Wann ech gesot kréien, dass dee Bréif net soll verëffentlecht ginn, dass dat soll a Rou, am Respekt, vertrauensvoll behandelt ginn, da respektéieren ech dat, wéi gesot, an de Wonsch, fir spéiderhin an engem vu ville Mailen, deen u Beamte geschriwwe ginn ass, dass déi Autorisatioun elo do gewiescht wier, fir dee Bréif ze publizéieren, dat war mir bis gëschter Mëtteg net bewosst, wéi gesot, dat war en internen Oubli, deen ass onglécklech.”

AUDIO: De Kulturminister Eric Thill iwwer den Demissiounsbréif vum Patrick Majerus

Dat géing intern opgeschafft ginn, fir esou eppes an Zukunft ze vermeiden, esou nach den DP-Kulturminister.

RTL-Informatiounen no goufen héich Beamten aus dem Kulturministère ewell den 30. Januar per Mail autoriséiert, de Bréif ze deelen – "ce qui contribuera à renforcer la transparence", wéi et doran heescht.

Aus dem Demissiouns-Schreiwes geet och kloer ervir, datt d'Demissioun net op "perséinlech Grënn", wéi de Ministère et kommunikéiert hat, zeréckzeféieren ass, mee op déi intern Gestioun am Mudam ... an datt näischt geschitt wier, nodeems de President ewell en halleft Joer viru senger Demissioun op d'Mëssstänn am Musée opmierksam gemaach hätt.

Am Statement vum Minister vum Mëttwoch de Mëtteg léisst den Eric Thill da wëssen, datt d'Deputéiert net just den Demissiounsbréif vum Patrick Majerus kréien, mee och säi Rapport vum Juli 2024;  de Minister schwätzt vun engem "Dokument wat eng perséinlech Kompilatioun vun ë.a. interne Korrespondenzen ass". Zanter Mëtt 2024 ass also kloer gewosst, datt am Musée net alles riichtleeft. Mat Bléck op déi Kompilatioun seet den Eric Thill, et wier dann un der Chamber ze tranchéieren, wéi mat deene vertraulechen Donnéeën ëmgaange gëtt.

RTL

Déi gréng Deputéiert Djuna Bernard huet dem Kulturminister virgeworf, an der Causa Mudam gelunn ze hunn. / © RTL-Archiv

Virun der Interventioun vum Djuna Bernard hat een nach eng aner Kommunikatiounsstrategie virgezunn. Den Eric Thill schreift:

"Fir dës Persounen ze schützen, hate mir eis genau virun enger Woch dofir an der Chamberkommissioun op eng Prozedur gëeenegt a beschloss, dass de Verwaltungsrot vum Mudam d’Conclusioune vun der Bestandsopnam géif mat der Kommissioun deelen. Sou wieren déi perséinlech Donnéeë geschützt an d'Chamber gläichzäiteg am Bild iwwert déi intern Prozeduren."

Wichteg wier dem Eric Thill elo, no vir ze kucken an ze versichen, dem Ruff vum Mudam net kuerz- oder laangfristeg ze schueden.

Dat ass och nach ëmmer d'Uleies vum fréiere Mudam-President, dee genee aus deem Grond gefrot hat, bei senger Demissioun de Ball flaachzehalen. Mee als President vum Conseil dierft een net ewechkucken.

RTL hat iwweregens och en Interview mat der Mudam-Direktesch Bettina Steinbrügge, déi d'Leedung am Fréijoer 2022 iwwerholl hat, ugefrot, bis elo nach ouni Reaktioun.

RTL

D'Schreiwes vum Kulturminister Eric Thill