Mëssstänn am Mudam  - wann et bis elo där Schlagzeilen ëm d'Direktioun vum Konschtmusée gouf, dann ass et meeschtens drëms gaangen, wat de Musée soll oder net soll weisen. Dat ass awer bei der Kontrovers ëm déi aktuell Directrice Bettina Steinbrügge net de Fall, och wa si et no bausse gären esou duerstellt. Ëmsou méi lächerlech ass et, datt de Ministère an den neie President vum Verwaltungsrot hiren Argumentaire iwwerhuelen. E Commentaire vum Michèle Sinner.

Commentaire vum Michèle Sinner

D’lescht Joer am Juli gëtt d’Directrice vum Mudam, Bettina Steinbrügge, dem Branchëblat Artnews en Interview. Déi endemesch Bürokratie a Moderatioun, déi d’Lëtzebuerger Kultur ausmaachen, liest een do, géingen tëscht hir an an engem "edgy", also engem avantgardistesche, Programm fir de Musée stoen. De Management an engem Musée changéieren, wier ëmmer schwéier, gëtt si zitéiert. D’Gebai wier eng weider Schwieregkeet, well net nohalteg an am Summer ewéi eng Zär, seet si. Op hirem viregte Poste beim Hamburger Kunstverein, do hätt si Raum gehat, fir auszeflippen. Zum Beispill hätt si do déi kanadesch Performance-Kënschtlerin a Musekerin Peaches mat enger Performance mat Mastubateuren engagéiert. Am Mudam hätt si mat enger Expo, wou d’Botzpersonal d’Konscht net vum Dreck konnt ënnerscheeden, en immense Skandal gemaach.

Hir Aussoe beleeën, datt hiren Horizont franchement méi limitéiert ass, wéi dat Lëtzebuerger Ëmfeld, an deem et hir anscheinend un der Fräiheet fir Experimenter feelt. Éischtens, well ausgerechent d’Peaches schonn an anere Lëtzebuerger Kulturhaiser invitéiert war, ier d’Mme Steinbrügge e Fouss op de Kierchbierg gesat huet an d’Opreegungspotenzial aus Masturbateuren souwisou e wéineg eraus ass. Zweetens, well ee bis elo nach net héieren huet, datt se zu Paräis am Louvre keng Konscht kéinte weisen, well dem Ieoh Ming Pei seng Pyramid keng Energieklass "A" huet. An drëttens, well et och scho virdrun am Mudam scho mol waarm war, mee dowéinst nach keng Direktioun d’Mataarbechter huet misse kujenéieren.

Well dorëms geet et an de Virwërf géint d’Directrice, mat deene sech de Verwaltungsrot auserneegesat huet: net ëm de Contenu vun hirer Programmatioun, mee dorëms, datt se déi weder plangt nach budgetiséiert. Datt se net present ass, mee d’Mataarbechter Angscht hunn. Am Resumé: Et geet drëms, datt si hir Direkteschaarbecht net mécht, fir déi se awer eng Direkteschpai kritt.

Warscheinlech war dat Oflenkungsmanöver och keen Zoufall am Kalenner. Wéi d’Mudam-Directrice Artnews de leschte Summer vun hirem schwéiere kreative Stand an de Friktioune mam Personal gezielt huet, war d’Situatioun am gaangen sech zouzespëtzen. E puer Wochen dono gouf de Beroderbüro engagéiert. Well si den Opfuerderunge vum Conseil net nokomm ass, hir Gestionnairesaarbecht ze maachen, déi se Méint virdru per Bréif kritt hat.

Datt de Ministère an de neie Verwaltungsrotspresident der Directrice hiren Argumentaire elo an hire Stellungnamen 1:1 iwwerhuelen, ass ëmsou méi tragesch, well et bedeit, datt si sech aus Angscht virun negative Schlagzeile léiwer als Provënzler humiliéiere loossen, amplaz de Musée, säi Personal, seng Architektur an d’Konscht aktiv ze verdeedegen. Mat hirer Feigheet hu se sech eng denkbar schlecht Ausgangsbasis geschaaft, wann elo, wéi ofzegesinn, aus konschtfrieme Milieuen déi üblech Fro kënnt, wéi vill Steiersuen de Mudam an d’Kultur iwwerhaapt kaschten. Wat sollen se op déi Fro äntweren? Wéi solle se dem Musée jee méi Sue fir seng Programmatioun ginn, lo wou se e selwer mat schlecht gemaach hunn?