"Microcleidus melusinae", esou den Numm vum 185 Millioune Joer ale Reptil, deen zu Lëtzebuerg entdeckt gouf.

Den Naturmusée schwätzt vun enger vun de spektakuläerste Decouverten an der Lëtzebuerger Paleontologie an de leschte Joerzéngten, déi elo eréischt viru Kuerzem offizialiséiert gouf.

Wéi et an engem Communiqué heescht, sinn am Süde vum Land d'Fossilie vu quasi engem ganze Skelett vun engem Plesiosaurus entdeckt ginn.

AUDIO: Plesiosaurier zu Lëtzebuerg / Reportage Annick Goerens

De Plesiosaurus gehéiert zur Famill vun den Pliosaurier a konnt tëscht 3 a 6 Meter laang ginn. Dat 185 Millioune Joer alt Fossil, wat zu Lëtzebuerg fonnt gouf, war allerdéngs nach ee jonkt Déier an ass deemno net grad esou laang an awer faszinéiert de Skelett duerch säin immens laangen Hals.

AUDIO: Extrait Robert Weis (1)

De Robert Weis, Paläontolog am Naturmusée erkläert, datt d'Déier e bësse speziell ausgesäit. Wann een de Plesiosaurus gesäit, huet een e bëssen d'Monster vu Loch Ness am Kapp. D'Déier hat e laangen Hals mat engem klenge Kapp, donieft nach véier Extremitéiten, déi als Paddelen ausgebilt waren, woumatter sech d'Déier ënner Waasser konnt beweegen.

© Annick Goerens / RTL Radio Lëtzebuerg

Et ass déi éischte Kéier, dass een Plesiosaurus hei am Grand-Duché fonnt gouf an och déi éischte Kéier, dass een bal komplette Skelett a Westeuropa konnt gebuerge ginn. Deemno kann de Naturmusée ganz houfreg op de Lëtzebuerger Nessi sinn.

Bis elo huet een scho Reptilien a Fësch, déi em Mier gelieft hunn, zu Lëtzebuerg ausgestallt. Ma déi Déieren waren zu der Jurazäit schonn zimlech heefeg. Dat hei Déier ass zwar Famill mat de Fëschsaurier, ass awer extrem rar. Op 100 Fëschsaurier ass 1 Plesiosaurus komm.

De Skelett vum Lëtzebuerger Plesiosaurus gouf schonn Ufank der 90er Joren zu Suessem fonnt, bei Terrassementsaarbechte fir d'Collectrice du Sud ze bauen. Firwat huet et dann awer nach bal nach een véirels Joerhonnert gedauert, fir des Decouverte ze maachen?

AUDIO: Extrait Robert Weis (3)

Vill vun de Fossille kommen an d'Sammlung oder an den Depot, ma et ass net ëmmer d'Zäit, fir se direkt ze botzen oder se ze studéieren. Dat hei Stéck louch also 20 bis 25 Joer an den Depoten, bis et emol preparéiert gouf, wat virun 2 oder 3 Joer war. Dobäi konnt een erkennen, datt et eppes spezielles ass an dowéinst huet een och mat enger Paleontologin aus dem Paräiser Naturmusée zesumme geschafft, fir d'Stéck ze beschreiwen an eng wëssenschaftlech Publikatioun ze maachen.

De Lëtzebuerger Plesiosaurus gouf iwwregens wëssenschaftlech op de Numm "Microcleidus melusinae" gedeeft. De Choix ass bewosst op Melusina gefall, well och dës legendär Fraefigur hallef am Waasser an hallef um Land gelieft huet.

AUDIO: Extrait Robert Weis (2)

Crâne fossile de Microcleidus melusinae. / © Studio Frank Weber

Les plésiosaures représentent avec les pliosaures un groupe de grands reptiles marins qui évoluaient au cours du Mésozoïque et disparaissaient à la fin du Crétacé avec les dinosaures. Le premier plésiosaure a été découvert au 19ième siècle à Lyme Regis dans le Dorset anglais, par la première femme-paléontologue de l’histoire, Mary Anning. Depuis lors seuls quelques rares squelettes ont été décrits des couches jurassiques, notamment en provenance d’Angleterre et d’Allemagne. Les plésiosaures sont caractérisés par quatre membres transformés en nageoires. Ils possèdent un corps large, surmonté d’un cou long et d’une tête relativement petite. C’étaient des prédateurs qui se nourrissaient surtout de poissons et de céphalopodes.

Source: Vincent, P., R. Weis, G. Kronz & D. Delsate, 2017. – Microcleidus melusinae, a new plesiosaurian (Reptilia, Plesiosauria) from the Toarcian of Luxembourg. – Geological Magazine, 1-18. doi:10.1017/S0016756817000814

Geschwë méi heiriwwer op RTL Radio & Télé Lëtzebuerg an hei op RTL.lu.