11. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis
Aus iwwer 60 Nominatiounen goufen d‘Gewënnerinnen a Gewënner a 14 Kategorië fir hir kënschtleresch Leeschtungen aus de leschten zwee Joer geéiert.
De Lëtzebuerger Film stoung e Samschdeg den Owend rëm mat all senge Facetten am Fokus. Virun allem ass et ëm déi Leit gaangen, di am Secteur schaffen, hannert der Kamera, ewéi virun der Kamera. A 14 Kategorien ass gewielt ginn, vu Co-Produktiounen, Kuerzfilmer, Animatiounsfilmer bis Documentairen a Long-métragen.
Als multipele Gewënner vum Owend ass de Loïc Tanson fir seng Serie "Marginal" a säin éischte Long-métrage "Läif a Séil" ervirgaangen. Direkt a 5 Kategorien ass hei e Präis iwwerreecht ginn.
Ma awer och den Animatiounsfilm huet an de leschte Joren eng grouss Entwécklung am Lëtzebuerger Filmsecteur gemaach. Dëse war a ville verschiddene Kategorië vertrueden.
Zum Beschte Film gouf "Hors d’Haleine" vum Eric Lamhène gekréint. Hei geet et ëm eng Fra, déi wéinst haislecher Gewalt an e Fraenhaus flüchte muss.
De Filmpräis 2025 war en Owend voller Emotiounen, Iwwerraschungen a gudder Ënnerhalung. Et konnt ee gesinn, wéi vill Passioun hannert dem Film-Métier stécht, an datt de Secteur Joer fir Joer méi Bedeitung kritt.
Méi Detailer ginn et nächste Samschden an der Spezialemissioun vum "Passepartout". Do kritt Dir en Abléck an d’Zeremonie vum Filmpräis, sou wéi Interviewe vun de verschiddene Gewënnerinnen a Gewënner.