Lëtzebuerger Cellistin Lisa Berg gestuerwen
An der Nuecht op e Freideg ass d'Lisa Berg am Alter vun 39 Joer gestuerwen, esou de Radio 100,7.
D'Lisa Berg huet zu de bekanntsten Celliste vun der Lëtzebuerger Musekszeen gehéiert. D'Léift zum Cello ass viru méi wéi 20 Joer entstan an d'Musekerin huet antëscht bei méi wéi 30 CDen, Soundtracken an aneren Opname mat diverse Kënschtler matgeschafft a stoung scho mat villen op der Bühn. Eng vill beschäftegt Artistin, Mamm vun engem Meedchen, déi och als Proff an der Réidener Musekschoul geschafft huet.
VIDEO: Live! Planet People mam Lisa Berg
D'Diagnose Leukemie war fir d'Lisa Berg e Schock. Vun deem Ament un huet der Lëtzebuerger Musekerin hiert ganzt Liewe radikal changéiert. Couragéiert huet déi jonk Fra géint d'Krankheet gekämpft a war Ufank 2016 um Wee vun der Besserung.
VIDEO: Top Thema Magazin: D'Lisa Berg um Wee vun der Besserung
Am Juli 2016 huet si dunn de Comeback op der Bühn gefeiert, datt nodeem si eng éischte Kéier de Kampf mat der schwéierer Krankheet gewonnen hat.

© Jacques Van Luijk
Wéi de Radio 100,7 mellt, wier d'Cellistin an der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg am Alter vun 39 Joer gestuerwen. D'Leukämie, déi eng éischte Kéier bezwonge gouf, koum am September 2016 zeréck an déi jonk Mamm huet déi zweete Lutte géint déi schwéier Krankheet net méi konnte gewannen. Am Alter vun 39 Joer ass d'Lisa Berg an der Nuecht op den 22. Dezember 2017 gestuerwen.

© Jacques Van Luijk