Wéi d'Rock-Band Papa Roach Ufank Oktober zu Lëtzebuerg waren, hu si niewent engem Concert an der Rockhal direkt och e Video am Grand-Duché gedréit.

Ronn ee Mount iert d'Museker vu Papa Roach op Lëtzebuerg komm sinn, fir niewent hirem Concert an der Rockhal och e Video fir hiert d'Lidd "None of the above" ze dréien, war ee schonn op der Sich no engem Schlass.

Ma en Awunner vu Beefort hat den Opruff vun der US-Rockband erhéiert, sou dass e Kontakt entstanen ass a Papa Roach dunn och kuerz drop tatsächlech de Choix getraff hat, e Clip zu Beefort um Schlass ze dréien.

Am Clip erkennt een dann och ganz kloer, dass et sech ëm d'Schlass zu Beefort dréit, dat well de komplette Museksvideo um Site spillt.