Lëtzebuerger FilmfongMilliounen Euro Finanzhëllef fir Projeten

RTL Lëtzebuerg
Donieft ginn nach 220.000 Euro a 4 Projeten investéiert, fir d'Ausschaffe vun Dréibicher.

Iwwer 6 Milliounen Euro u Finanzhëllefen fir déi audiovisuell Produktioun, huet de Lëtzebuerger Filmfong an der leschter Sëtzung vu sengem Comité de Soutien accordéiert. Wéi et an engem Communiqué heescht, sollen domat am ganzen 13 Projeten ënnerstëtzt ginn. Ronn 220.000 Euro fléissen an d'Schreiwen an an d'Ausschaffe vun Dréibicher. Betraff si 4 Projeten.

Donieft goufen 9 Produktiounen zeréckbehalen, déi fir ee Gesamtmontant an Héicht vu bal 6,5 Milliounen Euro eng Finanzhëllef kréien. Am ganze louchen dem Comité de Soutien vum Lëtzebuerger Filmfong 25 Demanden fir, déi Hëllefen vun am ganzen iwwer 19,5 Milliounen Euro ugefrot haten.

Offiziellt Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO