Verpasst näischt vum 72. Filmfestival vu Cannes: Eise Filmkritiker Joy Hoffmann ass op der Plaz a schéckt eis reegelméisseg seng Chroniken eran.

Zombien hunn d'Competitioun zu Cannes fest am Grëff.

Wéi mam Wierder hei zu Cannes, wou bal Sonn ass, bal Reen, ass et och mat de Filmer.Dass THE DEAD DON'T  vum Jim Jarmush d'Ouverture vum Festival mécht ass verständlech. E ganz grousse Numm vum internationale Kino a Stare wéi de Bill Murray, Adam Driver a Chloë Sevigny op den Trapen mécht Sënn, fir e Festival dee niewend Qualitéit Kino och op Glamour setzt. Dat verhënnert awer net, dass THE DEAD DON'T DIE wuel zu de schwaachste Filmer an der Carrière vum  Jim Jarmush gehéiert. An engem gewollt karikaturalen US Stiedchen mat sengem Motel, Policekommissariat, senger Bensinsstatioun, sengem Diner , sengem rassistesche Farmer a sengem Videogeek ( fir méiglechst vill Filmreferenzen am Film ënnerzekréien), brécht d'Apocalypse aus, mat enger éischter gemittlecher Zombie-Invasioun. Ouni gréisser Panik awer mat Fatalitéit an engem dréchene Humor, deen  kee besser beherrscht wéi de Bill Murray, reagéieren dräi lokal Polizisten éischter phlegmatesch op d' Katastrophe, déi duerch di ekologesch récksiichtslos Ausbeutung vun de Polen d'Welt wuertwiertlech aus hirer Achs geworf huet. Richteg aktiv ass eigentlech just eng vum Tarantino sengem "Kill Bill" inspiréiert Doudegriewerin(vum Tilda Swinton interpretéiert ), déi den Uschäin gëtt si kéint mat hirem Schwäert eleng d'Zombie Invasioun stoppen, éier se dann vun engem UFO ofgeholl gët. Dat gesäit alles, ganz gewollt, no engem B-Movie aus, ass och Ufanks éischter lëschteg, éier dem Jarmush d' Imaginatioun ausgeet, de Film duerch säin repetitiven dréchenen Humor ufänkt ze langweilen, an et schliisslech dach nëmmen bei engem biederen B-Movie bleift. THE DEAD DONT DIE ass dee schwaachste Film, dee mer bis elo hei gesinn hunn.

ATLANTIQUE vun der Senegalesin Mati Diop  ass den éischte Kompetitiounsbeitrag  iwwerhaapt zu Cannes vun enger Schwaarzer Realisatrice. Och si benotz op eng éischter originell Manéier Elementer vum 'Genre' Kino fir eng sozialkritesch Geschicht iwwer Ausbeutung an Emigratioun zu erzielen. Obschonn d'Ada dem räichen Omar versprach ass  verléift et sech an de Souleiman, deen fir seng haart Aarbecht op engem Chantier zu Dakkar kee Loun kritt, an ouni engem eppes ze soen iwwert d'Mier versicht Spuenien ze erreechen fir schliisslech mat senge Frënn ze erdrénken....esou d'Nouvellen!  Nom dem Ada sengem Bestietnis mam Omar, zirkuléiere Rumeuren de Souleiman wär erëm gesi ginn. Schliisslech stellt sech eraus, dass dem Ada seng Frëndinnen vu "Djinnen", eng Zort Geeschter besiess sinn, a Revanche huelen fir di verschwonne Männer. De Film fält ni an d'Exzesser vum Zombie Genre, bleift sober, éischter melancholesch, awer leider och  just un der Iwwerfläch vun den abordéierten Themen.

Mam Jessica Hausner sengem LITTLE JOE bleiwe mer bei dem Thema vun der Possessioun an enger weiderer klorer Referenz op den  Horrorklassiker "The invasion of the body snatchers". Eng nei genetesch mutéiert  Planz, mam Numm "Little Joe", déi duerch hire Parfum soll e Gefill vu Gléck beim Mënsch ausléisen, schéngt  ongewollten Auswierkungen op d'Wëssenschaftler vun dem Laboratoire ze hunn, déi all hir Personalitéit änneren a sech fusionéieren an engem Grupp, deen géint all wëssenschaftlech Precautiounen, d' Existenz an Kommerzialisatioun vun der Planz verdeedegt. Hannert der kaler an aseptiséierter Ästhetik vum Film, verstoppe sech éischter philosophesch Iwwerleeungen iwwer d'Wiese vum Mënsch: wann de Mënsch changéiert, op natierlech Manéier wéi z.B. de Bouf am Film duerch d'Pubertéit, ass en dann nach de nämmlechte Mënsch? , an och politesch Iwwerleeungen iwwert d'Manipulatioun vun der Natur an dem Mënsch, dee seng Individualitéit an der Mass verléiert.

Zu gudder Lescht behandelt de franséische Realisateur Bertrand Bonnello a sengem ZOMBI CHILD, deen an der Quinzaine des Realisateurs gelaf ass, och d'Phenomen vum Zombie, awer a senger originaler,  historesch a kultureller Bedeitung, am Kontext vun der Sklaverei zu Haiti.

De Kompetitiounsfilm BACARAU vun de Brasilianer Kleber Mendonça Filho a Juliano Dornelles inspiréiert sech och um 'Genre' Kino, awer ouni Zombien. BACARAU ass zu engem gudden Deel e Western, dee sech uleent un de Mythos  vun de Cangaçeiro Banditten, déi sech Enn des 19. an Ufank des 20. Joerhonnert fir di aarm Baueren géint Groussgrondbesëtzer am brasilianeschen Nordeste agesat hunn. An herrleche Cinemascope Biller beschreift de Film dann och,  haut am moderne Brasilien, eng  kleng Duerfcommunautéit , déi sech fir d'Waasserversuergung vum Duerf a géint korrupt Politiker muss wieren. No a no wennt de Film sech awer ëmmer méi vun dëser Duerfgemeinschaft of a konzentréiert sech, ze vill am Detail,  op e Grupp vun héich bewaffenten amerikaneschen Aventuriersen,  ënnert der Leedung vun engem bizaren Udo Kier, déi fir de Spaass a wuel och op e méi politesch motivéierten Uerder hin, d'Duerf attackéieren. De Film erënnert dann un de Kult Klassiker " Les chasses du Conte Zaroff", gewënnt u Spannung an Aktioun bis hin zu 'gore' Violence, verléiert awer seng Kohärenz an verfält mat Momenter an dat Groteskt.

Wéi seng Palme d'or " I, Daniel Blake" (2016) gehéiert SORRY, WE MISSED YOU sécherlech och zu engem vun de beschte Filmer an der laanger Filmographie vum mëttlerweil 83 järegen englesche Realisateur Ken Loach. An dësem weidere sozialen Drama beschreift de Ken Loach den Iwwerliewenskampf vun enger Koppel aus der englescher Mëttelschicht. D'Mamm muss als "aide à domicile" onbezuelten Iwwerstonne drummen an am Bus bei hir al an hëllefsbedürfteg "Clienten" fueren, well d'Koppel decidéiert huet hiren Auto ze verkafen fir sech eng Camionnette ze leeschten, mat där de Mann kéint als sougenannten onofhängege Chauffeur e bessert Liewe verdéngen. De Film weist op emouvant Aart a Weis wéi d'Famill mat dem Drock vun den onmënschleche Aarbechtskonditiounen an engem rebellesche Bouf versicht eens ze ginn, woubäi d'Mamm an di jonk Schwëster sech als di méi raisonnabel Stäipe fir d'Famill erweisen. A wien de Film gesinn huet, wäert an Zukunft sech et zweemol iwwerleeën, éier en op d'Servicer vu groussen internationale Liwwerfirmaen wäert zeréck gräifen, am Plaz lokal ze bestellen an anzekafen.

Wéi de Ken Loach, erneiert de Pedro Almodovar sech och ästhetesch wéi thematesch éischter wéineg, a sengem  nostalgeschen, ganz autobiographeschem awer wéineg beweegenden DOLOR Y GLORIA. Den Antonio Banderas spillt en eeleren Realisateur, deen zum Deel duerch seng sëlleche Krankheeten souwuel un engem physeschen wéi kreativen Blockage leit, an a seng Vergaangenheet zeréck kuckt. Niewent engem detailléierten an onintressanten "dossier médicale" vum Almodovar , a laangen Dialogszeenen mat der Mamm an engem fréieren Amant, bestiechen just di wonnerbar gefilmten Erënnerungsszeenen tëschent dem klenge Bouf a senger Mamm, gespillt vum Penelope Cruz. Erstaunlecherweis ass dem Almodovar seng kreativ Phase wärend der spuenescher 'Movida' ausgeklammert, sou dass DOLOR Y GLORIA en ongewinnt distante Film ass, an deem et méi ëm "Dolor" geet, wéi ëm "Gloria".

Jarmush, Loach an Almodovar, deels och de Kleber Mendonça sinn al Vertrauter op der Croisette, mat deenen ee méi oder wéineger wousst wat een erwaarde konnt, a wa mer hir Filmer kritiséieren, dann awer op héijem Niveau

Di grouss Iwwerraschung, a bis elo wuel deen impressionnantste Film a Kompetitioun, koum vum  éischter onbekannten Fransous Ladj Ly. An LES MISERABLES suivéiert en dräi Flicken vun der BAC an enger franséischer Banlieue, déi versichen hiren Job an engem explosiven a komplexe Ëmwelt ze maachen. Mat Hëllef vu lokale "Vermëttler", déi hir respektiv  Communautéiten: Zigeiner, Moslembridder a Schwaarzer mat hiren illegale Geschäfter, versichen ënner Kontroll ze halen, geet et hinne  virun allem drëm dëse fragillen Equiliber ofzesécheren, bis enges Daags duerch Dommheeten a Feeler, di Jugendlech d'Revolte géint di erwuessen..

De Film bréngt et fäerdeg d'Komplexitéit vun den Personnagen an der gesamter sozialer Situatioun an den defavoriséierte Quartieren ze vermëttelen, an dat an engem rasanten an excellent gefilmten Actionfilm, deen de Vergläich  duerchaus mat esou Virbiller wéi "La Haine" , "Dheepan" (Palme d'or 2015) oder "Wir sind jung, wir sind stark"  aushält. E Kandidat fir de Palmarès dierft de Film sécher sinn, an op e grousse kommerzielle Succès , besonnesch a Frankräich kann een och wetten.