Verpasst näischt vum 72. Filmfestival vu Cannes: Eise Filmkritiker Joy Hoffmann ass op der Plaz a schéckt eis reegelméisseg seng Chroniken eran.

Zwee Weltstaren an zwou Lëtzebuerger Koproduktiounen

Ee vun den Evenementer um Festival war den Hommage un den 83 Joer alen Alain Delon, deen eng Palme d'or fir säi Liewenswierk iwwerreecht krut. D'Riede goufe gehale vun den zwee Haaptresponsabele vum Festival, dem President Pierre Lescure an dem Délégué général Thierry Frémaux,  an uschléissend vum Alain Delon senger Duechter Anouchka, dat contrairement zu sengem Papp d'Fassung behalen huet. Den Alain Delon huet nämlech wärend der Zeremonie bal di ganzen Zäit richteg gekrasch, an zum Entsetze vu ville Spectatricë méi wéi eng Kéier gesot e stéing elo um Enn vu sengem Liewen. An der laanger an emouvanter Zeremonie huet en zum Schluss nach u seng grouss Léiften, d'Romy Schneider an d'Mireille Darc, erënnert.

Vum Filmstar bei de Rockstar Elton John, deen de Film iwwert seng Carrière selwer mat produzéiert huet.... sech also nach zu Liefzäiten e Monument gesat huet. Rocketman ass besonnesch a sengem éischten Deel e gelongene Musical, deen op klassesch Manéier d'Biographie vum Elton John iwwert de Wee vu senge Lidder erëmspigelt, déi gréisstendeels vum Haaptacteur Taron Egerton interpretéiert ginn. Am zweeten Deel gëtt e bësse méi de Mënsch Elton John beliicht, deen e Liewe laang ënner chroneschem Mangel u Léift vu sengen Elteren a Partner gelidden huet. Dat ass e bësse simplistesch, wäert awer d'Frënn vum Elton John senger Musek net ofschrecken

A Competitioun, ass dem Terrence Malick säin neiste Film mat grousser Spannung erwaart ginn. Hien huet seng absolut Fanen, déi am Hidden Life erëm e grousst Meeschterwierk gesinn, a seng grad esou vehement Géigner, zu deene mir zielen. No de villen, kosmeschen a pseudospirituelle Meditatiounen a senge leschte Filmer, déi him esou guer mat "Tree of Life" 2011 eng Palme d'or abruecht hunn, gëtt en elo mat A HIDDEN LIFE den Uschäin erëm e Fouss op de Buedem vun der Realitéit  kritt ze hunn. E sturen éisträichesche Bauer refuséiert systematesch den Eed op den Hitler ze schwieren, einfach well en dat a sech spiert a geet doduerch e reegelrechte Kräizwee bis zu senger Hiriichtung duerch e Nazigeriicht. Wärend bal 3 Stonne gëtt ëmmer erëm di idyllesch Heidi-Welt am klenge Biergduerf beschriwwen, di wonnerbar a selbstlos Léift vun der Koppel mat hiren häerzege Kanner di mat Kouklacke ronderëm sech werfen. Fir de Rescht vun der Zäit kritt de sture Franz vu Jänni a Männi ëmmer erëm gesot, dass säi Sacrifice sënnlos ass a näischt ännert, wärend hie grad esou oft de Bléck duerch Wolleke werft fir eng Reaktioun vum "deem do Uewen" ze kréien, deen awer net op säi Leiden, an d'Leed vun der  ganzer Mënschheet äntwert. Dat geet a kengem Moment iwwer den Niveau vun "La philosophie pour les nuls" eraus, an dréckt sech meeschtens an Off-Commentairen aus. An deem Maelstroem vun ëmmer de nämmlechte Biller a perpetuelle Kameramouvementer, déi ëmmer erëm vu "faux raccorden" ënnerbrach ginn, hunn d'Personnage keng reell Existenz a ruffen och keng Empathie beim Spectateur ervir. Leschten Enns ass dat ganz resolut narzisstesch, eidelen an ultrarepetitive Kino, dee just d'Illusioun gëtt en hätt eppes Wichteges ze soen.

Vun de véier  Lëtzebuerger Filmer, déi hei zu Cannes an de Niewesektiounen "Un Certain Regard" a "Quinzaine des Réalisateurs" gewise goufen, hu mer der bis elo zwee gesinn.

Besonnesch iwwerzeegend ass den Animatiounsfilm Les Hirondelles de Kaboul vum Zabou Breitman an dem Eléa Gobbé-Mévellec dee vum Stephan Roelants a "Melusine Productions" mat Frankräich koproduzéiert gouf, no engem Roman vum Yasmina Khadra.  An herrlechen Aquarelle-Biller erzielt de Film d'Schicksal vun zwou Koppelen, déi viru schwieregen Decisioune stinn, fir ënner dem Terror-Regimm vun den Taliban ze iwwerliewen. E komplexen, emouvanten an och spannenden Animatiounsfilm, dee sech éischter u Jugendlecher an Erwuessener went.

Chambre 212 vum Christophe Honoré ass eng franséisch Komedie mat esou bekannten Acteure wéi Chiara Mastroianni, Vincent Lacoste, Camille Cottin a Benjamin Biolet. De Film, dee vun "Bidibule Productions" koproduzéiert ass,  gouf zu engem ganz groussen Deel an de Lëtzebuerger Studioen zu Keelen gedréint. Dat erkläert sech och doduerch, dass de Film sech a ganz artifiziellen Dekoren ofspillt . Duerch en Ufanks originellen Artifice stoussen eng chronesch adultère Fra mat hire vill Partner a besonnesch de jonken Dubbel vun hirem Mann a seng  Jugendléift  an engem Hotelszëmmer openeen. Et geet hei ëm Loyalitéit, den Alter, Jalousie an d'Léift an der Koppel. Ufanks fonctionnéiert de Film duerch di skurril  Apparitiounen a suergt fir vill Lacher. No a no verflitt awer dësen Iwwerraschungseffekt an och de Rhythmus léisst leider no. Trotzdeem bleift CHAMBRE 212 eng interessant Komedie mat Niveau, dat mannst wat ee vun engem Realisateur erwaarde konnt, dee nach d'lescht Joer an der offizieller Kompetitioun vertruede war.