Dëse soll zesumme mat enger neier ASBL den nächste Mëttwoch presentéiert ginn.

Dat huet d'Kulturministesch Sam Tanson en Donneschdeg an der Aktualitéitsstonn an der Chamber iwwert den industrielle Patrimoine ugekënnegt.

AUDIO: D'Sam Tanson iwwer de System aus Westfalen

Den CNCI soll ähnlech ewéi de westfälesche System fonctionnéieren. A Westfalen géif et ee Reseau gi vu verschiddenen Industrie-Kultur-Sitten, déi zu engem Musée zesummegebilt sinn. Et wier d'nämmlecht wéi zu Lëtzebuerg: ënnerschiddlech Plazen, ënnerschiddlech Industrien. Et wier dat, fir de Leit ze weisen, wat fréier do geschafft ginn ass.

Lëtzebuerg hätt vill verschidden Industrien, ma huet och vill Patrimoine ronderëm d'Eisebunn, ewéi de Fond de Gras och de Minettspark genannt huet.

Der Kulturministesch no hätt ee wëlles, dës Forcen an Zukunft ze bündelen. D'ASBL, déi den nationalen Zentrum géif geréieren, soll och finanziell mat engem Posten ënnert d'Äerm gegraff kréien, fir déi Vernetzung hinzekréien.

Weider Detailer aus der Aktualitéitsstonn

An enger Aktualitéitsstonn an der Chamber iwwert industrielle Patrimoine goung et ëm d'Conservatioun an d'Protektioun vun historesche Bauten zu Lëtzebuerg. D'LSAP hat eng Stonn, fir ze diskutéieren, ugefrot. Nieft der Escher Gebléishal war och dat zukünfteg Denkmalschutz e grousst Thema.

AUDIO: Industrielle Patrimoine/Reportage Tim Morizet

Vue datt beim Kulturjoer Esch 2022 d'Escher-Gebléishal definitiv net zu den Ausdroungssitte gehéiert, well se net méi sécher genuch wier, kacht d'Thema bei engem groussen Deel vu Minetter iwwer. Ze laang wier näischt ënnerholl ginn.

Et misst een de Stellewäert vun dësen historesche Räichtumsproduzenten hannerfroen, esou den LSAP-Deputéierte Franz Fayot: "D'Fro, déi sech stellt, ass déi vum Stellewäert, déi mer dëse "Lut de Memoire" vun der Aarbecht hei zu Land wëlle ginn. Wéi sti mer zum Schutz an zur Valoriséierung zu deene Plazen, wou Mënsche geschafft hunn. An d'Grondlage vum Räichtum an dësem Land am 19. an 20. Joerhonnert geschaaft hunn. A wie soll decidéieren an no wéi enge Kritären, wat mat dëse Plaze geschitt. Déi ëffentlech Hand, d'Gemengen, oder de Staat? Oder awer privat Promoteuren."

Esch 2022 hätt ee kéinten notzen, fir de Patrimoine houfreg ze presentéieren. Dofir wier d'Enttäuschung nach méi grouss.

Ma d'Gebléishal wier just 1 Beispill. Vu Péiteng bis op Wolz erop géifen Dosenden industriell an historesch wichteg Gebaier ouni e konkreten Zukunftsplang verkommen. E modernt Denkmalschutzgesetz wier gefuerdert.

Ma hei wier een der Kulturministesch Sam Tanson no op der allerleschter Ligne droite: "Mir hunn elo ganz intensiv déi lescht 6 Méint un deem Projet geschafft, wou et schonns eng Viraarbecht gouf vu mengem Virgänger. A mäin Wonsch ass nach ëmmer deen a mir schaffen dorobber hin, datt ech nach wëll virum Summer deposéieren. D'Iddi vun deem Denkmalschutzgesetz ass déi, datt mer en Inventaire opstellen, wou Gemeng fir Gemeng gekuckt gëtt, wat sinn déi erhalenswäert Gebaier a wat muss an all Gemeng erhale bleiwen."