Am Kader vun de Walfer Bicherdeeg ass dëse Sonndeg och nees déi beléiften RTL-Dictée zu Walfer am groussen Zelt nieft dem Centre Prince Henri.

Scho fir déi 24. Kéier huet RTL d'Leit dozou opgeruff, hir Sproochekenntnisser op d'Prouf ze stellen. Matschreiwe konnt een tëscht 10 an 12 Auer op 4 Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch a fir déi zweete Kéier och op Englesch.

RTL-Dicteé
Am Kader vun de Walfer Bicherdeeg ass dëse Sonndeg och nees déi beléiften RTL-Dictée zu Walfer am groussen Zelt nieft dem Centre Prince Henri.

D'Gewënner hu sech dierfen iwwer flott Kaddosbongen an e Spill freeën.

RTL Dictée/Reportage Patrick Greis

Hutt Dir d'Diktater matgeschriwwen? Liest no, wéi vill Feeler Dir gemaach hutt.

Dictée op Lëtzebuergesch

Lëtzebuergesch Dictée

D'Moustiquë/Mustike waren de leschte Summer manner benzeg wéi dat Joer virdrun.

Wann een awer allergesch géint dat Gedéiesch ass, da sollt ee(n) sech preventiv/präventiv eng Piqûre/Pickür maache loossen.

Déi aarm/arem Kanner souzen an de kalen Afaarten op rëffege Plastikseemeren/plastiks Eemeren an hunn esou aremséileg/aarmséileg dragekuckt, datt et engem (d‘)Tréinen an d’Ae gedriwwen huet.

Passt op, datt d’Police iech/Iech net mat deene pyrotechneschen Artikelen erwëscht, soss kritt der/Der se confisquéiert, a wann der/DerPech hutt, gitt der/Der och nach dowéinst protokolléiert.

Wann d’Camionschauffe(u)ren op hiren décken, fënnefhonnertzwanzeg-PS-staarke Badettie vijenzeggefuer sinn, dann hu(nn) se viru(n) sech gekuckt, a wa(nn) se hannerzeggefuer sinn, dann hu(nn) se de Kapp gedréi(n)t an hannert sech gekuckt.

Et geet hei jo virun allem drëm, esou mann (e)wéi méiglech Feeler ze schreiwen, dofir/duerfir ass et wichteg, datt een net vergësst, méiglechst vill beim Noper oder der Nopesch ofzeschreiwen, awer nëmmen, wann ee sécher ass, datt hien oder hatt oder si zimlech/zimmlech suedelfest an der lëtzebuergescher Orthographie/Orthografie ass.

Jemp Schuster

Gewënner am Lëtzebuergeschen

1. Danny Leyder, 4 Feeler
1. Marielle Molitor, 4 Feeler
3. Manu Aruldoss, 5 Feeler

Diktat auf Deutsch

Däitsch Dictée

Seliges Jubiläum

Von vornherein soll der Patrouille im Besonderen klargemacht werden, dass diese bis ins Kleinste geplante Geburtstagsfete morgen Abend vonstattengehen wird. Keine Gräueltaten oder Querelen sollen im Übrigen verhindern, dass solche Partys zustande kommen (zu Stande kommen). Hier wird ohne Zwist nonstop und ohne Herumgeschubse gefeixt, wie jedem Einzelnen auf Zickzackkurs x-mal gesagt worden ist. Jeder Zuwiderhandelnde soll sich zum Teufel scheren, denn hier werden Standards großgeschrieben und aufrechterhalten. Kein Einziger muss sich todblass rückwärtsgewandt orientieren oder abseitsstehen und kein krakeelender Athlet wird wegen einer solchen Lappalie dazwischenfahren. Wenn nämlich so eine Welle überschwappt, dann muss man sich im Nachhinein wieder damit auseinandersetzen und als i-Tüpfelchen bei den Schadenskosten gar halbe-halbe machen. Dies umso mehr, da schon mancher von den Mittfünfzigern unter uns auf taube Ohren stieß und gen Ziellinie jede Freude zunichtegemacht wurde.

Roland Schumacher

Gewënner am Däitschen

1. Marie-Line Muller, 3 Feeler
2. Danny Leyder, 5 Feeler
3. Carmen Martin, 6 Feeler

Dictée en Français

Franséisch Dictée

La schizophrénie qu’un représentant du monde agricole a cru diagnostiquer en politique, dans l’interview donnée à la presse, s’est-elle avérée ? Quitte à admettre que le terme médical ne convient pas forcément, la question mérite toutefois d’être étudiée à travers quelques exemples.

Une campagne quasi obsessionnelle prétendant protéger les données personnelles, frise le ridicule, si l’existence d’un casier judiciaire bis, démentie officiellement, continue à rôder comme une épée de Damoclès. Honni soit qui mal y pense.

Régulièrement, les responsables des services de l’hydrologie s’insurgent d’une voix  geignante que nos réserves en eau sont en baisse alors qu’on projette d’implanter une fabrique de yaourt nécessitant des quantités substantielles d’eau potable. Quid de la durabilité écologique?

Des symptômes analogues se rencontrent à l’étranger. Par voie de référendum, nos amis britanniques se sont exprimés pour le Brexit. Après plusieurs années, n’ayant pas trouvé la sortie, ils ont pourtant participé aux élections européennes. Parallèlement, le principal instigateur du Brexit, accusé d’avoir sciemment propagé des informations truquées pour manipuler les Britanniques, est aujourd’hui Premier ministre du Royaume- Uni.

Jean-Claude Frisch

Gewënner am Franséischen

1. Danny Leyder, 2 Feeler
2. Eliane Barthel, 3 Feeler
2. Marianne Pissinger, 4 Feeler

Dictation in English

Englesch Dictée

Winter wafts in, silently, with her icy tentacles.

Unabashed, evergreens flagrantly flaunt their verdant opulence, coterminous with their deciduous neighbours.

Autumn’s marauding has left them naked, the organic plunder decaying to mulch underfoot.

Sinewy boughs remain, scratching the slate sky.

The air is palpably frigid against my skin and as darkness envelops us, we bid farewell to another year which augurs the cyclical renewal of life’s essences. 

Lisa Burke

Gewënner am Engleschen

1. Raoul Gerend, 0 Feeler
2. Carmen Martin 2 Feeler
3. Manuela Gonçalves, 3 Feeler

Och 3. Plaz: Paul Heber, Laurence Keiser, Lena Thiel

Gewënner an deene 4 Sproochen am Ganzen


1. Danny Leyder, 18 Feeler
2. Samira Hoffmann, 29 Feeler
3. Lis Stirn, 34 Feeler

SMS-Dictée

Am Kader vun der RTL-Dictée hate mir d'Leit leschten Donneschdeg opgeruff, bei enger SMS-Dictée op RTL Radio Lëtzebuerg matzemaachen.