
Bis ewell huet SAWAH ganzer 15 international Auszeechnunge krut a gouf fir net manner wéi 50 Filmfestivaller selektionéiert.
Mat dobäi a China waren nieft dem Adolf El Assal och Representante vum Consulat Honoraire vum Grand-Duché a vun der EU-Delegatioun.
Ufank 2020 gëtt de Film an der Belsch, a verschiddenen arabesche Länner, a Frankräich an a Spuenien um groussen Ecran gewisen. Gréisstendeels ass et eng Lëtzebuerger Produktioun (Deal Productions / Wady Films), an Zesummenaarbecht mat der Belsch (Caviar) an Ägypten (Film Clinic), déi vum Lëtzebuerger Filmfong ënnerstëtzt gouf.